
© Unsplash
Virun e puer Deeg gouf den neien Trailer vu "Mortal Kombat 1" verëffentlecht.
Liest méi doriwwer hei:
https://www.eldo.lu/aktuell/reportagen/a/123865.html
Lo koumen dozou zwou Nouvellen, déi besonnesch Nintendo-Fans interesséiere kéinten: D'Spill wäert och op der Switch eraus kommen. Vue dass d'Konsol vun Nintendo jo schonn zimmlech an den Alter komm ass, a souguer bei hirem Release scho Problemer hat mat der Play Station 4 an der Xbox One matzehalen, ass dat net esou selbstverständlech. Déi aner Nouvelle ass leider net esou positiv: d'Spill wäert och op der Switch 70 USD/EUR kaschten.
Nintendo ass rezent kritiséiert ginn, well dat neit Zelda Spill "Tears of the Kingdom" hiert éischt, hauseegent Spill mat deem Präis war. De Präis vu Switch Spiller ass e kontroverst Thema, well vill Leit fannen, dass déi 70 USD/EUR net gerechtfäerdegt sinn. Bei der Switch handelt et sech ëm eng Konsol vun der leschter Generatioun, op där Spiller mat staark reduzéierter Grafik musse gespillt ginn, well se mat der Konkurrenz net mathale kann. Fir manner Qualitéit misst dann och manner Geld gefrot ginn, sou ass d'Iwwerleeung.

De Präis vun "Tears of the Kindgom" huet net jidderengem gefall / © Nintendo eShop Screenshot
Ob vill Switch-Besëtzer dann wäerte bereet sinn 70 USD/EUR fir "Mortal Kombat 1" op den Dësch ze leeën, bleift ze gesinn.
Fir Mortal Kombat Fans gëtt et iwwerdeems eng weider schlecht Nouvelle: d'Spill wäert ganzer 100GB Späicherplaz op dem PC-Harddisk friessen, wat fir en Kampfspill absolut enorm ze si schéngt. Mol kucken, wou déi ganz Kapazitéit higeet!