
© Pexels
Mobbing ass net nëmme bei Schüler verbreet mee och op der Aarbechtsplaz. Elo wäerten d’Affer vu Mobbing awer duerch en neit Gesetz geschützt ginn.
Virun e puer Woche gouf eng nei Legislatioun iwwer de Mobbing op der Aarbechtsplaz virgestallt. An dat vum Aarbechtsminister Georges Engel a vum Direkter vun der ITM Marco Boly.
Den Harcèlement op psychologescher, sexueller an diskriminatorescher Basis wier nach ëmmer vill verbreet an der Gesellschaft.
Beispiller vum Mobbing si Beleidegungen, Menacen, permanent Kriticken, Ausübe vun Drock, Ausnotzung vu Muecht oder Autoritéit oder rassistesch Witzer.
Dowéinst misst en neit Gesetz a Kraaft trieden. An do geet eng Definitioun vu Mobbing ervir. Mobbing ass e Verhalen, dat duerch seng Widderhuelung oder Systemiséierung, d’Dignitéit a psychesch a physesch Integritéit vun enger Persoun verletzt.
Dat neit Gesetz ass wichteg wann een sech d’Statistike vum leschte Joer ukuckt: 2022 goufe 405 Informatiounsdemanden a 35 Plainten am Kader vum Mobbing un d’ITM geschéckt.
Verschidden Obligatioune ginn et op der Säit vum Patron. Natierlech dierf deen seng Salariéeën net mobben. Mee d’Patrone mussen och oppassen dass keen Aneren d’Salariéeë mobbt. Do ginn et och definéiert Mesuren, déi den Employeur muss huelen. D’Moossnamen definéiere wéi een den Affer hëlleft, dass een ermëttelt wann eppes geschitt, an dass een iwwer d’Sanktioune sensibiliséiert. Och ass virgesinn d’Delegatioun vum Personal z’informéieren, an d’Salariéeën auszebilden.
Wichteg ass et och z’ënnersträichen dass all concernéiert Persoun sech bei der ITM melle kann an eng Plainte deposéiere kann. D’ITM mécht dann en Dossier op an ënnerhält sech mam Affer, mam presuméierten Täter an eventuell mat Zeie mee och mam Patron. E Rapport gëtt da spéitstens bannent 45 Deeg dem Chef geschéckt.