
© Youtube Screenshot
Säit den Hideo Kojima sech vu Konami getrennt huet, ass déi legendär "Metal Gear Solid" Serie leider e wéineg an den Hannergrond geréckelt. Säit dem "MGS 5: Phantom Pain" gouf et kee weideren Titel, mat Ausnam vu "Metal Gear Survive" - e Spill, dat vu ville Fans als kee richtege Metal Gear Titel ugesi gëtt.

Den "Naked Snake", aka "John", aka "Big Boss" ass zeréck! / © Youtube Screenshot
Eng gutt Noriicht fir all d'Fans vum Snake: "Metal Gear Solid 3: Snake Eater" kritt en Remake. Ënnert dem Titel "Delta" huet Konami elo en neien Trailer verëffentlecht. De "Snake Eater", dee wärend der Zäit vum kale Krich spillt an d'Entwécklungsgeschicht vum legendäre "Big Boss" erzielt, gëllt fir vill Spiller als den Héichpunkt vun der Serie. Et ass dofir och net verwonnerlech, dass Konami sech grad deen Titel fir en Remake erausgesicht huet. Scho säit längerem goufen et Rumeuren, dass den Entwéckler déi ganz "Metal Gear Solid"-Serie wéilt frësch maachen. Mat "Delta" kéinten si testen op sech sou en Remake och gutt verkafe léisst. Mir bleiwe gespaant!