
© Pexels
U sech ginn et 13 Stärenzeechen an doduerch réckelen d'Stärenzeechen all ëm een no hannen. E sou dass d'Stärenzeeche bei deene meeschten een anert ass.
Wann ee gemengt huet, dass engem säi Stärenzeeche Léiw ass dann ass een do falsch informéiert. Nämlech ass engem säi Stärenzeeche Kriibs. A firwat? Ee Rechefeeler, dee Joerdausende al ass, ass Schold dorun. Zanterdeem d'Stärenzeechen deemools festgeluecht goufen, hat och kee méi nogerechent. D'NASA huet awer elo nogerechent an dat ganz nach méi genee ënnert Luppe geholl. D'Äerdachs gouf dës Kéier och an der Berechnung berécksiichtegt. An d'Resultat dovunner ass, dass ee ganzt Stärenzeeche vergiess gouf. An et esou eigentlech 13 Stärenzeeche sinn. Dat 13. Stärenzeechen ass de Schlangenträger.
Mee wéi ginn d'Stärenzeechen eigentlech bestëmmt?
All d'Stärenzeeche leien an engem Krees ronderëm d'Äerd an dat Stärenzeechen dat bei enger Gebuert sou ze soen hannert der Sonn steet, gëtt engem säi Stärenzeechen.
Wéi kënnen d'Stärenzeechen da falsch sinn?
Viru ronn 3.000 Joer goufen d'Stärenzeeche festgeluecht. An dobäi gouf de Schlangenträger einfach op der Säit gelooss, well d'Stärenzeechen da net esou gutt an eise Kalenner gepasst hätt. Dësen hat deemools schonn 12 Méint. 12 Stärenzeechen op 12 Méint ass méi einfach. Des Weidere réckelen d'Stärenzeeche ganz ganz lues. Mee op 3.000 Joer mécht dat awer schonn een zimmlech groussen Ënnerscheed. Wéi d'NASA an hirem Rapport vun der Etüd schreift, hunn si d'Stärenzeechen net verännert, mee just nei ausgerechent.
Wat heescht dat dann elo?
Dat ganzt kann een esou interpretéiere wéi ee wëll. D'Fakte beleeën, dass et 13 Stärenzeeche ginn an eis aktuell 12 Stärenzeechen net mat den Datumer iwwert enee passen. Mee fir elo ze erwaarden, dass sech dat ganzt an der Astrologie duerchgesat krit, ass optimistesch, well mir schonn zënter Joerzéngt mat dëser Astrologie liewen, wäert sech dat wuel just schwéier änneren.
Schlagenträger
D'Eegenschafte vun engem Schlagenträger solle Begeeschterung fäeg, weltoppen, idealistesch, leidenschaftlech an disziplinéiert sinn, mee si sollen awer och jalous, hafteg, iwwerdriwwen éiergäizeg sinn an denken a Schwaarz-Wäiss.
Kuckt hei wéi een ärt richtegt Stärenzeechen ass:
Stärenzeechen | Datum |
Widder | 19. Abrëll - 13. Mee |
Stéier | 14. Mee - 19. Juni |
Zwilling | 20. Juni - 20. Juli |
Kriibs | 21. Juli - 9. August |
Léiw | 10. August - 15. September |
Jongfra | 16. September - 30. Oktober |
Wo | 31. Oktober - 22. November |
Skorpioun | 23. November - 29. November |
Schlangenträger | 30.November - 17 Dezember |
Schütze | 18. Dezember - 18. Januar |
Steebock | 19. Januar - 15. Februar |
Waassermann | 16. Februar - 11. Mäerz |
Fësch | 12. Mäerz - 18. Abrëll |