
© Unsplash
Den 31. Mee ass de Weltdag ouni Tubak. D'Santé huet zesumme mat der Fondation Cancer eng Enquête iwwer de Tubakskonsum 2022 zu Lëtzebuerg verëffentlecht.
Aus der Enquête vun der Santé zesumme mam Gesondheetsministère geet ervir, dass 2022 72 Prozent vun de befrote Leit keng Fëmmerte waren. 28 Prozent ware Fëmmerten. Vun de Leit déi net fëmmen, ware 14 Prozent ex-Fëmmerten. Ënner de Leit, déi uginn hunn dass se fëmmen, maachen 20 Prozent dat deeglech an 8 Prozent heiansdo. Do gouf keng grouss Ännerung zënter 2019 notéiert.
D’Alterstranche an där een am meeschte fëmmt ass bei de Leit tëscht 25 a 34 Joer. Eng Hausse gouf et awer bei de 35 bis 49-Järegen. Et fëmmen och liicht méi Männer wéi Fraen. Et gouf eng Hausse vu Leit notéiert, déi all Dag fëmmen. 24 Prozent vun der Fëmmerte benotze klassesch Zigaretten, 11 Prozent fëmme Shisha an 13 Prozent benotzen d’E-Zigarett.
Vaping, also d’Fëmme vun E-Zigaretten ass virun allem bei de Jonken an d’Luucht gaangen. De Grond wier séiss Goûte vun den E-Zigaretten, den attraktive Präis mee och dass Riske fir d’Gesondheet fälschlecherweis minimiséiert ginn. Vill Leit hunn uginn dass se E-Zigarette fëmme fir manner klassesch Zigaretten ze fëmmen oder mam Zil fir ganz mam Fëmmen opzehalen.
50 Prozent vun de befrote Leit wëllen an deenen nächste 6 Méint ophale mat fëmmen. 44 Prozent vun de Fëmmerten hu versicht an deenen 12 leschte Méint opzehalen. Si hunn dofir E-Zigaretten, Nikotin-Ersatz, Medikamenter, eng spezifesch App, an Therapie versicht.
De Grond wisou si et heiansdo net hikritt hate waren de Stress, d’Gewiicht, an d’Angscht et net ze packen.