Den 31. Mee ass de Weltdag ouni Tubak. Deen Dag gouf vun der WHO an d’Liewe geruff fir op déi negativ Effekter vum Tubak opmierksam ze maachen.

Den Tubak ass responsabel fir vill schlëmm Krankheete wéi de Kriibs, virun allem de Longekriibs mee och Häerzkreeslaf-Krankheeten an Otemweekrankheeten.

Lauschtert eran!

Der WHO no ass den Tubak fir iwwer 8 Milliounen Doudesfäll d’Joer verantwortlech. 1,2 Milliounen dovunner si keng Persounen déi Fëmme mee déi duerch den Damp krank gi sinn. Zu Lëtzebuerg ginn 3 Doudesfäll pro Dag registréiert, déi e Lien mam Fëmmen hunn.

An deem Kontext huet de Gesondheetsministère e Plang opgestallt fir géint de Tubak virzegoen.

4 Haaptaktioune stinn hei am Fokus: Den Accès op Entzuchsprogrammer ze vereinfachen. D’Fëmmerte kënnen sech dann aschreiwe fir gehollef ze kréien.

Da gëtt och nach eng"No Smoking Challenge" organiséiert. Dat ass e Spill fir d’Leit ze motivéiere wärend 8 Deeg net ze fëmmen. Virun allem fënnt déi Challenge op Social Media statt. Domat ginn och haaptsächlech jonk Leit cibléiert.

Weider zwou Moossnamen si wichteg. De Gesondheetsministère evaluéiert ob et méiglech ass e neutralen Zigarettepak zu Lëtzebuerg anzeféieren. D’Zil wier et de Pak manner attraktiv beim jonke Publikum ze maachen.

Da soll och de Präis vum Tubak an d’Luucht gesat ginn. An deem Kader huet d’Regierung decidéiert d’Taxen op Tubaksproduiten eropzesetzen. D’Zil wier et de Präis vum Pak vun 20 Zigaretten a vun der Tut vu 50 Gramm Tubak eropzesetzen. An dat ëm 20 Cent.