
© Unsplash
Wéi Sony elo am Kader vun hirem "Playstation Showcase" an engem Trailer matgedeelt huet, wäert de japanesche Konsolen-Hiersteller nees en portabelen Apparat erausbréngen. Ënnert dem mysteriéisen Numm "Projet Q" hunn se elo dësen neien Handheld presentéiert.

Esou gesäit dee neien Sony Handheld aus / © Youtube Screenshot
Zanter der PS Vita, déi leider net de kommerziellen Erfolleg hat, deen een sech erhofft hat, hat Sony sech aus dem Handheld-Business zeréck gezunn. Wichteg ass allerdéngs, dass et sech beim "Projet Q" net ëm eng eegestänneg Konsol handelt. Villméi ass et en DualSense-Kontroller, mat integréiertem Bildschierm, iwwert deen ee ka via Remote Play* seng PS5 Spiller lafe loossen. Dat heescht dass een seng Spiller nach ëmmer, wéi gewinnt, op der Haapt-Konsol muss kafen an installéieren. De Remote Play System gëtt et jo och fir de PC a Smartphones, mee vill User hunn domadder éischter schlecht Erfarunge gemaach. Hoffe mer, dass et um "Project Q" besser funktionéiere wäert!
Kuckt iech hei den Trailer un:
*Remote Play ass eng Applikatioun fir Spiller vun der PS5 op en aneren Device ze streamen