Wann den Dag kënnt op deem d’Liewen op en Enn geet, wielen déi meescht Leit ee klassescht Begriefnes. Et ginn awer och nach aner Optiounen.

Eng sougenannten «Kierperspend», ass wann d’Läich vun der verstuerwener Persoun der Wëssenschaft zur Verfügung gestallt geet. De Kierper kann da fir medezinesch Zwecker, wéi Fuerschungen an Ausbildunge genotzt ginn. Grad Medezinsstudente kënnen nei Operatiounsstechnike léieren, déi bei enger lieweger Persoun een ze héije Risk hätten awer och fäerdeg Doktere kënne profitéieren an sech weider bilden. De Virdeel dorunner ass dass d’Schaffe mat der Läich ganz realitéitsno um liewege Kierper ass.

Lauschtert déi ganz Reportage.

Fir säi Kierper un d’Wëssenschaft ze spende muss een sech zum Beispill an Däitschland wärend ee lieft, bei engem anatomeschen Institut vun enger Universitéitsklinik mellen. Do ginn et da verschidde Krittären déi een erfëlle muss, wéi zum Beispill, dass de Kierper net dierf beschiedegt sinn oder schwéier Operatioune gehat hunn. Sou erzielt ee Professer, dass si nëmme Kierperen huele vu Leit déi iwwert 50 sinn, un engem natierlechen Doud gestuerwe sinn an ënner kenger infektiéiser Krankheet gelidden hunn.

Et kënnt och nach meeschtens eng zousätzlech Tax op een zou am Wäert vun ee puer honnert Euro. Mee dofir ginn d’Käschte fir d’Begriefnes am Wäert vun ee puer dausend Euro iwwerholl. Dat ass awer mëttlerweil net méi ëmmer de Fall, wëll et ze deier ginn ass.

D’Kierperspend ass also am Fong eng wichteg Saach fir Medezin weider ze bréngen. De Problem deen et mëttlerweil gëtt, ass dass sech vill méi Leit mëllen, wéi Kierpere gebraucht ginn. Sou mellen sech pro Joer dausende Leit un fir hire Kierper ze spenden, dobäi ass d’Nofro guer net sou grouss.