
© Youtube Screenshot
Déi meescht vun eis kennen den Entwécklerstudio "Bungie" virun allem wéinst zwee Titelen: "Halo" an "Destiny". Dat sinn awer net déi eenzeg IP'en, déi Bungie ënnert hirem Numm huet. Wéi et schéngt, huet de Studio sech elo decidéiert ee vun hiren eelere Spiller erëm zum Liewen ze erwächen, an zwar d'Spill "Marathon". "Marathon" war eng Trilogie vu First-Person-Shooter (FPS) aus den 90er Joer, déi deemools relativ gutt ukomm waren. Mam Original wäert déi nei Versioun allerdéngs net all ze vill ze dinn hunn, souvill huet Bungie scho verroden.

Den Design vun "Marathon" ass aussergewéinlech / © Youtube Screenshot
Amplaz vun engem klassesche FPS handelt et sech heibäi ëm een "Extraction Shooter". Dëse méi vage Begrëff beschreift e Spill, bei deem ee muss Ressourcen a Waffe sammelen, déi dann aus der Spillwelt erausgezunn, also "extracted" ginn, fir dës kënnen ze behalen. En rezent Beispill dofir war déi sougenannten "Darkzone" beim Spill "The Division". Den Trailer gesäit op alle Fall schonn extrem villverspriechend aus, a mir wäerte sécher geschwënn méi zum Spill "Marathon" gewuer ginn!