D'Unzéiung vun de Mustiken huet mam Geroch ze dinn. Eng Etüd soll rausfonnt hunn, wéi ee Geroch ofschréckt.

Mustike gi vum Geroch ugezunn. Mat dem Usaz huet eng Etüd getest wéi ee Geroch, méi oder manner attraktiv fir Mustiken ass.

Lauschtert eran!

Mustiken ernären sech vu séisse Blummen. Et ass och aus dem Grond, dass d’Wäsch mat verschiddene parfüméierte Produiten, d’Insekte méi unzitt. Dobäi muss een awer drop oppassen, dass de Geroch vum Mënsch eleng scho ganz individuell ass. Dee besteet nämlech aus enger Kombinatioun vun honnerte vu Chemikalien, een Deel gëtt vum Kierper selwer produzéiert an een aneren Deel si Bakterien, déi op der Haut wunnen.

D’Wëssenschaftler vun der Etüd soen also, dass de Problem un der Kombinatioun vum eegene Geroch vum Mënsch mat de benotzte Produite läit.

Den Haaptauteur vun der Etüd, dee sech mat der molekularer Genetik vun de Betraffene vun de Mustike befaasst, seet, et géif dorop ukommen, wéi sech d’Chemikalien an der Seef mat de Chemikalië vun den eenzele Persoune verbënnt.

Fir rauszefannen, wéi eng Seef déi mëschte Mustiken unzitt a wéi eng déi mannst, goufe véier verschidde Seefe mat ënnerschiddleche Gerécher a chemescher Kombinatioun getest. Dann hunn sech déi véier Fräiwëlleger mat den ënnerschiddleche Seefe gewäsch an dono een Nylonsärmel iwwer gezunn. Déi goufen dann no enger Zäit an ee Käfeg voller Mustike geluecht an et gouf gekuckt wéi ee Geroch déi meeschten unzitt.

D’Experiment huet gewisen, dass den Zitrusgeroch, deen normalerweis bekannt dofir ass, Mustiken ofzeschrécken, éischter unzitt. De Geroch dee scheinbar d’Mustiken ofwiere soll, ass Kokosnoss. D’Wëssenschaftler wëssen awer net ob et hei explizitt um Kokos läit oder doru wat de Parfum mat dem Kierper mëscht an eventuell ee mënschleche chemesche Stoff verstäerkt, deen dann eng ofwierend Wierkung huet. Egal wéi wier de Kokosnoss-Geroch dee mat de beschte Resultater.