Gutt Noriichte fir Activision-Blizzard: nodeems den Entwécklerstudio an der Lescht wéinst Spiller wéi "Diablo Immortal" an hirer Decisioun den "Overwatch" PvE Modus ze cancelen, an d'Kritik gerode war, schéngen se mat "Diablo IV" endlech erëm en Hit ze hunn. D'Spill huet bei e puer Reviews Top Notte kritt a läit aktuell bei Metacritic an den héijen 80er bis ufanks 90er Punkten.

RTL

"Diablo IV" kann absolute iwwerzeegen! / © Youtube Screenshot

Net esou gutt ass dogéint dat neit Spill am "Lord of the Rings"-Universum mam Titel "Gollum" ukomm. Dem Spill ginn technesch Problemer, eng deelweis oninteressant Story a langweilege Gameplay virgeworf. "Gollum" hält sech aktuell sou just an der 30er Punkten Zon op.

RTL

"Gollum" awer leider net… / © Youtube Screenshot

Awer keen "The Last of Us" Multiplayer? Engem Artikel vum bekannte Videospill-Reporter Jason Schreier no, soll den Entwéckler Naughty Dog sech senger Saach net méi esou sécher sinn. Dësen hat jo en eegestännegt Multiplayer Spill an der Welt vun der extrem populärer "The Last of Us"-Franchise ugekënnegt. Anscheinend goufen awer lo massive Ressourcen a Personal vun deem Projet erof geholl. Op Twitter huet Naughty Dog bis ewell nëmmen zouginn, dass d'Spill méi laang wäert an Entwécklung si wéi geplangt.