
© Pexels
Kënnt et heefeg zu Schlofstéierungen entsteet séier een Däiwelskrees.
Duerch d'Schlofproblemer gëtt een daagsiwwer midd, d'Middegkeet féiert dann dozou dass een sech gestresst a presséiert fillt an doduerch kënnt et rëm zu Schwieregkeete beim Aschlofen.
Et gi verschidden Ursaache firwat een owes net zur Rou komme kann. Et ka vu bausse kommen awer och vu bannen.
Sou si Kaméidi, ze vill Luucht, dréche Loft, Hëtzt oder Keelt oder e schlecht Këssen, Faktore vu baussen déi zu Aschlofproblemer féiere kënnen.
Méi heefeg sinn awer Problemer bannen an engem: Faktoren, wéi eebe Stress, Angscht, Nervositéit, feelend Entspanung awer och einfach Gedanken déi ee beschäftegen, kéinte verhënneren, dass ee séier an einfach aschlofe kann.
Den eegene Lifestyle kann awer och problematesch sinn. Sou ass Alkohol, Fëmmen, Koffein awer och ze vill blo Luucht vum Bildschierm kontraproduktiv fir séier anzeschlofen.
All déi Saache sollt een also evitéieren.
Wann et dann awer erëm sou weit komm ass an een owes do leit an seng Aen net zou kritt, ginn et puer Tipps déi ee maache kann. Et kann een sech een Téi maachen, do awer drop oppassen, dass kee Koffein dran ass. Sech kuerz strecken an deene kann och hëllefen oder awer och meditéieren an Otemübunge fir sech ënnerlech ze berouegen, kënnen hëllefen. Wann een trotzdeem vill um Nodenken ass, kann ee probéieren seng Suergen oder To-Dos, awer och eventuell seng Virfreed opzeschreiwen. D'Fënsteren opzemaachen, fir dass frësch Loft erakënnt, kann och hëllefen. Et ginn awer och "Schlofapps" mat Hannergrondgeräischer, déi eng berouegend Wierkung hunn oder et kann een ee Podcast lauschteren. Ville Leit fält et da méi liicht an d'Dramwelt anzedauchen.