
Halo Battlepass / © Youtube Screenshot
"Live Service Game" ass e Begrëff, deen een hautzedaags an der Videospill-Branche ëmmer méi oft héiert an dee bei ville Spiller Héngerhaut ausléist. Mee wat genee huet et mat deem Term op sech a firwat sinn "Live Service"-Spiller esou onbeléift?
Um Pabeier héiert sech dat Ganzt am Fong guer net esou schlecht un: en "Live Service Game" ass u sech näischt aneres, wéi e Spill, dat iwwert eng laang Zäitperiod a reegelméissegen Ofstänn geupdate gëtt. Et kommen esou zum Beispill nei Charakteren eraus, nei Kaarten, nei Niewe Missiounen a kosmetesch Artikelen dobäi. An anere Wierder: e Spill gëtt, iwwert seng Basis eraus, mat neiem Contenu um Liewe gehalen. Fir d'Fans vun engem bestëmmte Spill sinn dat dach sécher gutt Noriichten, oder net? Net onbedéngt. "Live Service Games" ginn nämlech verschidde méi kontroversen Taktike virgehäit, déi mir hei a follgende Kategorië kuerz erklären:
Technesch Problemer :
Vue dass "Live Service Games" de facto net komplett si beim Releasen, ass et leider mëttlerweil quasi Standard, dass dës Spiller vill technesch Problemer hunn. D'Entwéckler wëssen, dass si nach Joren Zäit wäerten hunn, fir d'Problemer vum Spill ze flécken a sinn deementspriechend net presséiert. Oft gi Spiller ze fréi eraus bruecht, obwuel se kloer nach net prett dofir wieren. Dass dat leider heiansdo ka béis no hanne goen, huet rezent d'Beispill vun "Anthem" gewisen. "Anthem" war duerch seng Traileren a Verspriechen, als "Iron Man" änlechen Held duerch eng gigantesch Welt kënnen ze fléien, staark gehyped ginn. D'Endresultat war allerdéngs esou schlecht an duerchwuess vu Problemer, dass de Support vum Spill no net mol 2 Joer gestoppt gouf.

"Anthem" hat vill Potential, mee als Live Service Spill huet et sech herno net méi rentéiert fir den Entwéckler… / © Youtube Screenshot
Geldmaacherei :
E weideren, wann net esou de gréisste Problem, mat "Live Service Games" ass, dass si d'Entwéckler dozou verleeden sech ze vill op d'Suen ze konzentréieren. Eng besonnesch nefaste Versioun dovunner war an deene leschte Joren déi sougenannten "Loot Box". De System war einfach: en Studio huet fir hiert Spill nei Saache rausbruecht, wéi eben nei Charakteren oder nei kosmetesch Artikelen. Amplaz déi awer kloer opgelëscht an engem Shop zur Verfügung ze stellen oder souguer gratis fräizeschalten, goufen dës a "Këschten" verstoppt, déi de Spiller da misst opmaachen. Wat zum Schluss an der Këscht dra war, konnt een allerdéngs net wëssen. Dat ganzt war also quasi wéi eng Lotterie, bei där een ni wosst, wat ee géif kréien. Nodeems verschidde Leit dausende vun Euro an Dollar an esou "Loot Box"en investéiert haten, goufen dës a ville Länner uechter d'Welt verbueden. Mëttlerweil goufen se an de meeschte Fäll duerch e "Battlepass"-System ersat, bei deem d'Spiller op d'mannst am viraus wëssen, wat se kréien.

Eng "Loot Box" am Spill "Star Wars: Battlefront II" / © Youtube Screenshot
"Cut Content" :
De sougenannten "Cut Content" kann an zwou Forme opkommen. Déi éischt Versioun dovunner ass dat, wat mir aktuell mat Activision-Blizzard an hirem Spill "Overwatch 2" gesinn: Contenu, deen am Viraus versprach gouf, gëtt net méi programméiert, well en net an den "Live Service"-Schema passt. An anere Wierder: de Studio mierkt, dass se mat anere Saachen, wéi eben dem "Battlepass", méi Sue kënne maachen a wëllen sech deementspriechend dorobber konzentréieren.
Liest méi doriwwer hei:
https://www.eldo.lu/aktuell/reportagen/a/123815.html
Eng aner Versioun dovunner ass, wann d'Spiller entweder duerch Zoufall oder duerch Hacking, Contenu an engem Spill fannen, deen am Fong nach net dierft do ze sinn. Verschiddener erënneren sech vläicht drun, wéi bei "Destiny" Areale fonnt goufen, déi schonn an der Alpha Versioun* vum Spill dra waren, obwuel se duerno mam DLC** verkaf goufen. Esou Beispiller ginn et eng Rëtsch, mee meeschtens behaapten d'Studioen dann, dës wieren entweder "aus Versehen" dra gelooss ginn, oder hätten näischt mam DLC ze dinn. De Contraire ze beweisen ass natierlech schwéier.

D'Seraphim Vault war en Areal, wat schonn an der Alpha Versioun vun Destiny ze fannen war. Accessibel an der finaler Versioun vum Spill gouf se awer réischt mam DLC. / © Youtube Screenshot
FOMO :
Déi sougenannten "Fear of Missing Out" gëtt oft a "Live Service" Spiller extreem ausgenotzt. Sou ginn et Belounungen, wéi zum Beispill verschidden Eventer oder Bonussen, déi nëmmen zu bestëmmten Zäite verfügbar sinn, fir Leit, déi sech all Dag aloggen an déi schonn ugeschwaten "Battlepass"en hunn.
Net all "Live Service Game" muss schlecht sinn: Spiller wéi "Fortnite", "Super Smash Brothers" oder "Warframe", déi scho säit Joren existéieren an duerch hire "Live Service"-Modell iwwerliewen, ginn nach ëmmer vu Millioune vu Leit gezockt. Mee d'Lëscht vun de Victime vun der Praxis gëtt awer och ëmmer méi grouss: "Anthem", "Fallout 76", "Cyberpunk 2077", "Overwatch 2", "Star Wars: Battlefront" sinn nëmmen e puer Beispiller.
Vill Leit hätten also sécher näischt dogéint, wann den Terme "Live Service Game" erëm der Vergaangenheet géif ugehéieren. Vue dass dës Spiller awer oft aussergewéinlech rentabel sinn, ass dat awer wuel leider Wonschdenken.
* Alpha Versioun: dëst ass eng ganz fréi Versioun vun engem Spill, déi geholl gëtt fir d'Spill-Mechanik ze testen a Feeler ze fannen
**DLC: Downloadable Content, also all extra Contenu, deen ee fir e Spill kann eroflueden