De Massimo huet sech den Agenda fir de Mount Juni ugekuckt a presentéiert seng Top-Picks.

Netflix :

Extraction mam Chris Hemsworth ass 2020 zu genee der richteger Zäit op Netflix erauskomm. De Film huet huet am éischte Lockdown gutt ënnerhalen a konnt virun allem duerch seng Action iwwerzeegen. Vum 16ten Juni un kënnt dir dann endlech d'Fortsetzung genéissen.

Am Juni kommen awer virun allem Serien-Junkies op hir Käschten. Dëse Mount kommen nämlech nei Staffele vu Manifest, Rick and Morty, Black Mirror an The Witcher op Netflix eraus.

Amazon Prime Video :

No Time To Die ass de bis ewell aktuellste James Bond Film. Et war 2021 de leschten Deel mam Daniel Craig an der Haaptroll. Wien an Zukunft säi Nofollger als weltbekannte Spioun 007 wäert iwwerhuelen, ass nach ëmmer net gewosst. Bis mir méi wëssen, kënnt dir dem Schauspiller säin Abschid vun der Roll vun Ufank Juni un op der Couche genéissen.

Creed 3 - Rocky's Legacy war virun e puer Wochen nach am Kino. Vum 9te Juni kënnt d'Boxing-Drama dann och an den Home-Kino. Besonnesch interessant ass, dass de Michael B. Jordan bei dësem Film net just als Produzent matgeschafft huet, mee e feiert och seng Première als Regisseur.

Horror-Fans kommen am Juni dann och op hir Käschten. De 24te Juni ass de Michael Meyers am Film Halloween Kills um Streamingdéngscht ënnerwee a liwwert sech op e Neits e Showdown mam Laurie Strode.

Disney Plus :

13 Joer laang hu mir op d'Fortsetzung vum erfollegräichste Film vun allen Zäite misse waarden. De 14ten Dezember ass dunn Avatar 2 The Way of Water vum James Cameron an de Kino komm an huet op der ganzer Welt sämtlech Erwaardungen iwwertraff. Wien dëse Blockbuster verpasst huet oder nach eng Kéier an d'Welt vu Pandora wëll andauchen, vum 7ten Juni ass de Film endlech och fir doheem disponibel.