
© Amazon Screenshot
Enn des Mounts ass et esou wäit : dat neit Spill vun der legendärer "Final Fantasy"-Serie kënnt eraus : "Final Fantasy XVI". Bal 7 Joer hunn d'Fans missen drop waarden, an deementspriechend kéint ee jo denken dass d'Virbestellunge missten um explodéiere sinn. Dat ass awer anscheinend net esou. Engem Rapport vun "TheGamer.com" no, ass Square Enix, den Entwéckler vu "Final Fantasy", am gaangen ze "panikéieren".

Vill Leit waarden nëmmen op dat neit Spill oder net? / © Youtube Screenshot
D'Virbestellunge sinn anscheinend esou guer méi niddereg wéi déi vu "Final Fantasy XV" waren. Op den éischte Bléck mécht dat och Sënn: de 15 war nämlech en Multiplatform-Spill, ass also op der PlayStation, op der Xbox an um PC eraus komm, wougéint den neie 16 nëmmen op der PlayStation 5 wäert ze kréie sinn. Allerdéngs goufen d'Zifferen dem Fait ugepasst, an trotzdeem huet "Final Fantasy XVI" nach ëmmer méi niddreg Virbestellunge wéi säin Virgänger. D'Grënn dofir, sou gëtt spekuléiert, si villfälteg: engersäits ass een sech bewosst, dass och 3 Joer nom Release vun der PlayStation 5 vill Leit nach ëmmer net d'Chance (oder d'Suen!) haten, fir sech déi nei Konsol zou ze leeën, anerersäits denkt een dass vill "Final Fantasy" Fans vläicht éischter op den 2ten Deel vum Remake vu "Final Fantasy VII" waarden, deen elo deemnächst dann och misst en Release Datum kréien.

Eventuell mécht sech Square Enix selwer Konkurrenz mam "Final Fantasy VII Rebirth" / © Youtube Screenshot
Wéi gutt déi wierklech Verkafszuele dann sinn, gi mir da wuel den 22ten Juni gewuer, wann d'Spill offiziell eraus kënnt.