
© Unsplash
"Redfall"-Entwéckler hunn gehofft hiert Spill géif net eraus kommen
Dem bekannte Videospill Reporter Jason Schreier sengem Artikel op Bloomberg no, hunn verschidden Entwéckler vum héich kritiséierten Xbox exklusiv Titel "Redfall" gehofft, hiert Spill géif guer net eraus kommen. Wéi et schéngt war déi ursprénglech Iddi vum Spill fir et, wéi gewinnt, als Single-Player ze verëffentlechen. D'Mamme-Firma ZeniMax huet anonymme Quellen no awer drop bestanen, dass "Redfall" als Multiplayer Spill soll erauskommen, fir besser "Live Service" Elementer kënnen anzebauen.
Wat ass en "Live Service Game"? Liest méi doriwwer hei:
https://www.eldo.lu/aktuell/reportagen/a/124088.html
De Quellen no hunn eng ganzer 70% vun deenen Entwéckler, déi vun Ufank un u "Redfall" geschafft hunn, wärend dem Projet de Studio verlooss.

"Redfall" ass esou schlecht, dass esou guer d'Entwéckler et net verëffentleche wollten. / © Youtube Screenshot
"Project Q" packt et net laang
Engem Rapport vun "insider-gaming.com" no, soll deen neien Handheld vu Sony mam Numm "Project Q" eng Batterie-Liewensdauer vun nëmmen 3-4 Stonnen hunn. Deemno wier dat nach manner wéi déi bekannte schwaach Batterie vun der Nintendo Switch. Och wann de Präis vu "Project Q" nach net bekannt ass, kéint dëst eleng schonn en Dealbreaker fir vill Leit sinn.

Mat nëmmen 3-4 Stonne Lafzäit, wäert den "Project Q" et net all ze laang aushalen. / © Youtube Screenshot
Apple bréngt VR-Brëll eraus
Wéi de populäre Smartphone a Mac Produzent bekannt ginn huet, wäerten si als nächst en VR Brëll an hire Repertoire ophuelen. Den "Apple Vision Pro" ass awer kee klassesche VR Brëll, mee, wéi si et nennen, en "mixed reality" Brëll. Sou kann dësen zum Beispill net nëmme Saachen op sengem interne Bildschierm projezéieren, mee och am AR*-Stil dräidimensional Objeten am Raum duerstellen. De Präis fir dat gutt Stéck? 3.499$. Also fänkt scho mol un mat spueren! Kuckt iech hei de Reveal un:
*AR: Augmented Reality beschreift eng Technologie, bei där virtuell Géigestänn fir de Benotzer an déi "richteg" Welt projezéiert, an net einfach op engem Bildschierm duergestallt ginn.