Wann een hautzedaags op ee Festival geet da gëtt dat nawell fir ee komplette Weekend eng zimmlech deier Affär.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Et ass kee Geheimnis dass d’Tickets vun de Festivallen an deene leschte Joren extrem an d’Luucht gaange sinn.

Präisser vun ëm 300 Euro fir Festival mat 3 Deeg Camping si keng Seelenheet méi. Dëse Phänomän muss een a Kaf huele wann een e komplette Weekend da well mat dobäi sinn.

Mee wisou ass dat eigentlech säit der Corona-Pandemie esou séier an d’Luucht gaangen?

Vue dass déi komplett Event-Branche duerch d’Pandemie quasi komplett flaach louch hunn immens vill Firmen aus deene verschiddenste Beräicher missen opginn an hir Firma opléisen. Hei ware Firme vu Produktioun bis zu Securitéit a Management betraff. No der Pandemie ass allerdéngs alles erëm esou séier opgaangen an d’Leit waren esou motivéiert fir Concerten a Festivallen dass d’Event-Branche net méi nokomm ass. Et goufen Eng-Päss an alle Beräicher, déi gemaach hunn dass alles immens deier ginn ass. Et waren einfach net genuch Leit méi do déi Bünen opgeriicht hunn, Stroum geluecht hunn oder de Catering gemaach hunn.

All dës Faktore muss ee respektéiere wann een am Moment ee Festival organiséiert an doduerch sinn d’Ticketspräisser bis zu 30% an d’Luucht gaangen. An der Museksbranche ass dann awer och den Trend dass de Bands hir Gagen ee gutt Stéck an d’Luucht gaange sinn. Esou ass et schwéier bis onméiglech  fir etabléiert Festivallen ee gudde Line-Up ze bidden ouni d’Präisser vun den Tickets an d’Luucht ze setzen.

Des weideren ass ee  Festival ouni Stroum och net méiglech an duerch déi héich Energie-Präisser muss een dës och iergendwéi erëm erakréien.

Wann een zum Beispill vum Rock am Ring Festival hëlt, da gesäit een hei kloer dass d’Tickets iwwert déi lescht 10 Joer ronn 50 Euro am Early-Bird-Verkaf méi deier gi sinn. Den Ticket fir 2024 kascht nämlech ouni Camping 199€ - deemools 2014 krut ee fir 169€ de Festival mat Camping.

Dëse kritt ee beim Rock am Ring nächst Joer ab 69€ Supplement.

Wann een allerdéngs ausrechent wat een alles fir säi Geld gebuede kritt, dann ass et ëmmer nach méi bëlleg wéi wann een all dës Concerten eenzel géif kucke goen. Deier bléift et awer trotzdeem.