D'Petitioun fuerdert, dass e Mënschen déi zu Haass opruffen, gewalttäteg sinn, diskriminéieren, mobben an eng Gefor sinn, och tatsächlech bestrooft ginn.

Bei der Petitioun mat der Nummer 2838 geet et drëms, dass e méi juristesch Konsequenze bei all Zorte vun Diskriminéierung, Hatespeech, Mobbing, Stalking a Gewalt ëmgesat ginn. Déi zwou Petitionärinnen d'Zoe Evans an d'Jill Hansen setzen sech domat fir méi Gerechtegkeet an.

D'Zil vun der Petitioun ass et, dass en déi Konsequenzen, déi Gewaltdote mat sech bréngen, méi konsequent ëmgesat ginn. Dat heescht, dass en déi Gesetzestexter, déi mir hunn, an de Code Penal, deen existéiert, och iwwerpréift gëtt a festgehale gëtt. Des Weideren dierfen déi juristesch Konsequenzen net fale gelooss ginn, wann et keng Prioritéit vun der Justiz ass.

Natierlech spille bei dësem Thema perséinlech Erfarungen och eng grouss Roll. Sou wuel d'Zoe wéi och d'Jill sinn duerch esou Erfarungen ob d'Iddi komm dës Petitioun ze lancéieren. Hinne sinn an der leschter Zäit ëmmer nees Videoen op de Soziale Medien opgefall an deenen explizitten Hatespeech gemaach gëtt an si déi Videoe gemellt hunn, mee awer näischt ënnerholl gouf. Des Weideren hunn si och d'Erfarunge gemaach, dass e Leit aus hirem Ëmfeld ob Hëllef vun deenen ënnerschiddlechen Organer ugewise waren an dann awer zum Beispill bei engem Harcèlement ewech gedréckt goufen an d'Affer net déi néideg juristesch Ënnerstëtzung kruten.

An och mat dëser Petitioun geet et net duer. Et muss och zu Reformen an deene verschiddene Systemer an Organer kommen. Vill Persoune sinn nämlech net richteg opgekläert an dat fänkt scho bei der Jugendaarbecht un an dës Anungslosegkeet geet da bei der Police an der Justiz weider. An alle Beräicher kann een nach méi maachen, zum Beispill mat Couren oder Opklärungsaarbecht.

D'Jill an d'Zoe gi bei hirer Petitioun och vill vu Schoulen, Organisatiounen an awer och vun Influencer ënnerstëtzt. D'Motivatioun vun deenen zwee ass et, dass si net méi einfach wollten nokucken, mee och handele wëllen. Si wëllen d'Voice of the victims sinn, well déi oft gesot kréien, dass een do näischt maache kann an déi Astellung falsch ass. An dat muss onbedéngt geännert ginn. Déi verbreeten Hëlleflosegkeet muss evitéiert ginn.

Lauschtert hei de ganze Reportage.