No "Monster" huet de lëtzebuergesche Kënschtler Noah Pearce elo seng zweet EP "Domicile" erausbruecht!

Virun e puer Méint huet den Noah decidéiert säi Liewen an England opzeginn, zeréck a säin Heemechtsland Lëtzebuerg ze plënneren a vun hei aus seng Karriär nei ze lancéieren. Dës Entscheedung wier net einfach gewiescht, mee hien hätt d'Gefill, dass dat bis elo zimmlech gutt goe géif, esou de Museker. An effektiv ass hie besonnesch duerch den Track "Ballet Dancer" am Eldoland zimmlech séier zimmlech populär ginn. Net fir näischt gouf den Track vun iech bis op d'Plaz 2 am Chartbreaker gevoted.

"Dat ass zimmlech krass fir mech, Merci!"

Vis-à-vis zu den Aarbechten u senger Debut-EP, huet den Noah Pearce bei der Entsteeung vun "Domicile" eng kloer Weiderentwécklung bei sech selwer festgestallt. Zum Beispill hätt hie geléiert besser ze kommunizéieren an einfach éierlech ze soe wann him eppes net gefale géif.

Den Noah Pearce iwwert seng Entwécklung als Songwriter!

Seng ganz Karriär laang schafft den Noah mam Produzent Dimitri Tikovoï zesummen. De Fransous huet ënnert anerem scho mat Nimm ewéi Purple Disco Machine, Charli XCX, Becky Hill oder Placebo geschafft a war och scho fir e Grammy nominéiert. D'Kollaboratioun ass zestane komm, well si allen Zwee beim brittesche Publishing House "Distiller" gesigned sinn.

"Direkt déi éischte Kéier wéi mir eis getraff a Lidder zesumme geschriwwen hunn, huet et Klick gemaach. Den Dimitri ass esou talentéiert an hie versteet ëmmer direkt wat ech soe wëll. Egal ob ech eppes änneren oder nei Saache probéiere wëll, hien ass ëmmer on board. D'mécht einfach richteg Spaass mat him ze schaffen."

Vum Sound hier zitt sech den Elektro-Pop-Vibe vu "Ballet Dancer" duerch déi ganz EP. Thematesch verschafft den Noah e ganz turbulent lescht Joer, an deem zum Beispill d'Bezéiung mat senger Ex-Frëndinn op en Enn gaangen ass oder hien de Schrëtt gemaach huet zeréck op Lëtzebuerg ze kommen.

Den Noah Pearce iwwert d'Thematiken op senger "Domicile" EP!

"Wann ech meng Texter mat de Leit dobaussen deelen, kréien ech heiansdo e bëssen Angscht, well et fir mech eben esou perséinlech ass. Bis elo hat ech awer nëmme gutt Erfarungen domat."

RTL

Noah Pearce / © Crescent Creative

Nieft dem Hit "Ballet Dancer" an der Single "Smaller Pieces" ass den Track "Dancing On My Grave" en absolutten Highlight op där neier EP. Och wann den Titel e bësse makaber kléngt, verstoppt sech dohannert eng euphoresch Dance-Pop-Hymne.

"Den Titel kléngt effektiv e bësse morbid, mee ech probéieren am Song am Fong aus enger schlechter Situatioun erauszekommen. Ech huelen dat Gefill a maachen et am Song e bësse méi positiv. Dofir danzen ech a maachen alles fir eppes Guddes aus deem Schlechten ze maachen."