De Statec huet d’Zuelen iwwer d’Reesgewunnechte vun de Lëtzebuerger verëffentlecht, also wéi dacks d’Residenten zu Lëtzebuerg 2022 an der Vakanz waren.

2022 hunn d’Residenten zu Lëtzebuerg 2,6 Millioune Fräizäitreese gemaach an 323.000 Geschäftsreesen. Mir konzentréieren eis emol op d’Fräizäitreesen. Dozou zielt eng Vakanz, wann ee Famill oder Frënn besiche geet, mee och aner Typpe vu Reesen, déi näischt mat der Aarbecht ze dinn hunn.

Lauschtert eran!

An der Moyenne war e Resident 36 Nuechte fort, dat ass eng ganz däitlech Hausse am Verglach zum Joer virdrun. An dat ënner anerem well een nees no de Corona-Restriktioune méi flexibel war fir ze reesen a verschidde Reesen nogeholl huet. An 93 Prozent vun de Fäll ass d’Rees a Richtung Europa gaangen. Déi beléiftste Länner si Frankräich, Däitschland, Belsch, Groussbritannien, Italien, Portugal a Spuenien.

Departe goufen et der am ganze Joer mee natierlech gouf et e Pic am Summer. Am meeschte sinn d’Leit mam Auto gefuer, 35 Prozent hunn de Fliger geholl. D’Zil vun de Reesen ass et virun allem sech z’entspanen, Leit ze besichen oder Visitten ze maachen, esou de Statec.

Déi meescht Reese waren an enger Stad, 33 Prozent um Mier, 25 Prozent um Land an 13 Prozent an de Bierger. Pro Nuecht huet e Resident an der Moyenne 163 Euro bezuelt. D’Moyenne vun enger Rees pro Persoun läit bei 1.253 Euro, dat ass kloer eropgaangen am Verglach zu 2021.

Wat den Tourismus zu Lëtzebuerg ugeet goufen iwwer 1.167.000 Persounen an Hotellen oder aner Etablissementer fir Reesen agecheckt. 2.795.000 Nuechte goufe vun Touristen zu Lëtzebuerg bezuelt. Am Grand-Duché ginn et iwwregens 216 Hotellen, Herbergen a Pensiounen.