
© Eldoradio
D’Schueberfouer dauert 20 Deeg an ass all Dag tëscht 12h00 an 1h00 op. D’Gastronomie-Etablissementer kënne schonn um 11h00 opmaachen.
Den 23. August ass déi offiziell Ouverture um 17h00, an de Stater Schäfferot mécht den Tour ronderëm d’Fouer. Den 29. August ass de Buergermeeschterdag. Tëscht 19h00 an 22h00 wäerten d’Buergermeeschtere vun de verschiddene Gemengen de Service an de Restaurante maachen.
Intressant ass den 30. August: do gëtt d’Journée familiale mat engem reduzéierten Tarif organiséiert. Dem President vun de Foraine Charles Hary no, gëtt et eng Reduktioun vun 30 Prozent op d’Spiller. Den 31. August ass vu 17h00 un de Kinniginnendag. Den 1. an den 2. September kann een op de Stand "Fouer an der 60er Joeren" goen an dat tëscht 11h00 a 17h00.
Een Dag drop ass dann de Fouersonndeg an de 4. September ass d’Braderie an der Uewerstad an am Garer Quartier. De 7. September ginn d’Gewënner vum "Lämmy Fouer Spill" um 18h00 gezunn. Hei kann ee verschidde Präisser gewannen. De Concours gëtt vun de Forainen organiséiert. D’Fichë fir matzemaache fënnt een an de Fouer-Restauranten.
Den 8. September ass d’Mass vun de Forainen. Een Dag drop ass de Forum "Fouer an de 60er Joeren", an dat tëscht 09h30 an 11h00 am Restaurant "An der Flesch".
An zu gudder lescht, um leschten Dag vun der Fouer, gëtt et den Dag mam hallwen Tarif bis 20h00 bei de Spiller. An um 22h00 ass d’Freedefeier.