All Land kämpft em 250.000$! E Kandidat ass och fir Lëtzebuerg dobäi! D'Morningshow hat de Sven Charpentier am Interview.

De MrBeast ass Youtuber a gëllt als Pionéier wann et ëm Challenge geet.  Et ass den 2. gréisste Youtubekanal, a souguer de Gréissten wann een d'Kanäl vun den Eenzelpersoune kuckt.

A sengem neie Video léisst de MrBeast aus all Land 1 Kandidat bei der sougenannter extremer Versioun vun den Olypics deelhuelen. Hei muss ee sech dann a verschiddenen Disziplinne beweisen. Scheitert een.... dann ass e raus.... D'Konzept an de Set Up vun den Challengen erënnert staark un d'Serie Squid Games. Dat Land dat sech duerch setze kann, gewënnt eng gëlle Medail am Wäert vun 250.000$! Kuckt Iech ënnen de Video un!

De Charel aus der Morningshow huet de Kandidat dee fir Lëtzebuerg ugetrueden ass an d'Sendung invitéiert!

Wéi et dozou kënnt datt e säi Land bei esou engem grousse Youtube-Format representéiert, huet de Sven Charpentier eis verrooden:

De Sven iwwert d'Umellung

De Video gouff déi éicht Deeg direkt Millioune mol gekuckt an huet e Rekord gebrach:

De Sven iwwert de Rekord

De ganzen Dréi huet 5 Deeg gedauert an et war eng riseg Produktioun mat iwwer 300 Mataarbechter. D'Kandidate kruten dann och alles vun der Produktiounsfirma finanzéiert:

Dauer vum Dréih a Produktioun

Déi éischt Challenge huet een da misse sprinten an Obstakelen iwwerwannen:

Déi éicht Challenge

Déi 2. Challenge war bëssi méi schwiereg wann een Höhenangst huet:

Déi zweet Challenge

Bouschéisse war dann Challenge Nummer 3!

Déi drëtt Challenge

Virun der 4. Challenge krut all Kandidat e Koffer mat 10.000$ an de Grapp gedréckt. Déi konnt een huelen an heem goen, oder et huet een drop verzicht a virun ëm déi 250.000$ gekämpft. De Sven huet sech géint 10.000$ entscheet an huet misse bei enger Challenge untrieden déi him net louch:

10.000$ an déi véiert Challenge
RTL

© Eldoradio