
© Eldoradio
Wéi all Joer feier en puer Spiller eng Première op der Schueberfouer an anerer ee Comeback.
Eent vun de neie Spiller ass d'Wilde Maus XXL mat VR Brëll. Dëst ass u sech déi klassesch grouss Achterbunn, déi séier ëm d'Kéiere geet, mee dobäi deet een, wéi de Numm et scho seet, ee VR-Brëll un. Duerch dëse kritt een nach eemol ee vill méi groussen Nervekitzel op der Achterbunn. Wat ee genee duerch de Brëll gesäit, ma dat muss een awer selwer teste goen. Well alles wëll ech elo hei net verroden.
Da gëtt et nach de Gladiator. An d'Spillmechanik hei kënnt een u sech schonn. Well d'Spill fonctionéiert d'selwecht wéi den AirMaxx. Ganz klassesch gëtt een hei an 62 Meter Héicht duerch d'Loft gewirbelt. An wann een dann uewen an der Loft steet, huet een eng phänomenal Vue iwwert déi ganz Fouer an d'Stad. Leit mat Höhenangscht solle léiwer ee Bou ronderëm d'Spill maachen.
An och nach den Airwolf Sky Control ass een neit Spill. Hei gëtt een an all Richtung geschleidert. Et sëtzt een op enger Plattform, déi ronn 25 Meter an d'Luucht geet an uewen an der Loft geet et dann drënner, driwwer an all Richtung. Dobäi kann een och mol Kapp iwwerstoen oder senkrecht an der Loft an d'G-Kraaft krit een hei richteg ze spieren.
De Big Monster erënnert vum Ausgesinn un ee risegen Oktopus. Hei gëtt een och an all Richtung geschleidert. Et sëtzt een zwar zu zwee an engem Wonn an dëse geet erop an erop. Dobäi dréint den Aarm nach am Krees an deen eenzele Wonn dréit och ëm sech selwer. Also fir Leit mat engem schwaache Mo ass dat näischt oder och direkt no de Gromperekichelcher ass dat heite Spill wuel keng esou eng gutt Iddi.
An zu gudder Lescht gëtt et dëst Joer nei d'Petersburger Schlittenfahrt. Hei sëtzt een zu zwee an enger Gondel, also dem Schlitt an dësen dréit am Karussell ronderëm a geet dobäi och erop an nees erof. Et fiert een also iwwert déi verschidde Knuppe mam Schlitt. Och dëst Spill erreecht eng gewësse Vitess a wéinst de gepolsterte Setzer muss een och keng Angscht hunn, dono blo Plazen ze kréien.
Da ginn et awer och nach eng Partie Spiller déi no laanger Zäit nees zeréck sinn. Dat sinn ënner anerem de Shake and Roll, hei gëtt een och an all Richtung, driwwer an drënner gerëselt.
Dann ass de Flipper nees dobäi. Esou een änlecht Spill wéi de Shake and Roll. Hei kann een awer net Kapp iwwer stoen, dofir geet d'Plattform awer an d'Luucht.
An och de Wellenflug ass nees zeréck. Hei handelt et sech ëm ee klassescht Kettekarussell.
Mee och d'Pirates Adventure ass dëst Joer nees mat dobäi. Hei geet een zu Fouss duerch een Haus an et taucht een dobäi an d'Welt vun de Piraten an. Dëst Spill ass e bëssi grujeleg, mee kann awer och mat Kanner gemaach ginn.
Par Conter bei der Grossen Geisterbahn fiert een an engem Weenchen derduerch. Fans déi sech gären e bëssi grujelen, kënnen sech hei op Grujelspaass freeën. All ze schlëmm ass dës Bunn awer och net.
An och de bléiften Nasa Rotor feiert ee Comeback. Ee Spill bei deem een sech virkënnt wéi wann ee géif fléien, well engem de Buedem ënnert de Féiss wuertwiertlech ewech geholl gëtt an een och net erof fält. Just mat Hëllef vun der G-Kraaft bléift een un der Mauer pechen. Bei dësem Spill kann een och als Zuschauer vun uewen nokucken, wann d'Faass mat der Leit bannen dra ronderëm rotéiert.