
© Eldoradio
Wien bei de Chamberwale per Bréifwal wëll matmaachen, muss sech bei senger Gemeng umellen. Deemno wéi soll een hei awer net méi ze laang waarden.
D'selwecht wéi bei de Gemengewalen, kann ee bei de Chamberwalen am Oktober per Bréifwal matmaachen. Jiddereen deen iwwer 18 Joer al an ënner 75 Joer al ass an déi Lëtzebuerger Nationalitéit huet, muss den 8. Oktober déi 60 Membere fir d'Chamber wielen. Hei zu Lëtzebuerg gëllt nämlech d'Walflicht. Wien awer deen Dag net selwer ka wiele goen, ka per Bréifwal matmaachen. Dat kann ee vu Lëtzebuerg aus maachen an awer och aus dem Ausland.
Wann een hei zu Lëtzebuerg wunnt an een d'Bréifwal vun hei aus wëll maachen. Da muss een sech bei senger Gemeng umellen. Wann een awer elo am Ausland wunnt, da kann een eng Demande fir d'Bréifwal op dräi verschidde Plaze maachen: entweder bei där Gemeng, bei där ee fir d'Lescht ugemellt war oder bei der Gemeng an där een op d'Welt komm ass oder nach bei der Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg.
D'Demande op Bréifwal, wann een hei zu Lëtzebuerg ugemellt ass, muss fréistens 12. Wochen a spéitstens 25 Deeg virum Waldag eragereecht ginn. Also spéitstens den 13. September muss de Bréif bei der Gemeng, an där een ugemellt ass, ukomm sinn.
D'Demande op Bréifwal, wann een am Ausland ugemellt ass, muss fréistens 12. Wochen a spéitstens 40 Deeg virum Waldag eragereecht ginn. Also spéitstens de 29. August muss de Bréif bei der responsabeler Gemeng, bei där een Demande gemaach huet, ukomm sinn. D'Demande kann iwwer MyGuichet gemaach ginn oder per Post.
Wann een hei zu Lëtzebuerg wunnt, da schéckt d'Gemeng de Walziedel spéitstens 15 Deeg virun de Walen. Wann een am Ausland wunnt, da schéckt d'Gemeng de Walziedel spéitstens 30 Deeg virun de Walen.
De Walziedel muss egal vu wou e kënnt, spéitstens um Walsonndeg um 14:00 Auer bei der responsabeler Gemeng dobanne sinn.