D’Entreprise BT-British Telecommunications huet en Opruff gemaach. A ganz Groussbritannien kann een eng ikonesch rout Telefonskabinn adoptéieren.

A Groussbritannien ass et also méiglech esou eng historesch Telefonskabinn fir nëmmen ee Pond z’adoptéieren. Well d’Leit doheem fir d’éischt emol hire Festnetz-Telefon haten, an dunn déi meescht och nach e Smartphone hunn, ass et kloer dass d’Kabinnen net méi wierklech benotzt ginn.

Lauschtert eran!

An dowéinst ass d’Zil dass dës Kabinnen ëmfunktionéiert ginn. Entweder an eppes Praktesches oder eppes Schéines oder esouguer déi zwee. Intresséiert Leit kënnen sech per Email mellen. D’Firma analyséiert d’Ufro a decidéiert da wien adoptéieren dierf. Wann de Pond bezuelt gouf da gëtt den Telefon an der Kabinn aus dem Netz geholl an den neie Proprietär soll sech ëm alles këmmeren.

Et ginn awer och verschidde Konditioune fir do matzemaachen: et muss sech ëm lokal Autoritéiten a Groussbritannien, Paren, Communautéiten oder Associatiounen handelen. E private Proprietär vun engem Grondstéck op deem d’Telefonskabinn drop ass dierf och eng Adoptioun ufroen. Privat Leit kënnen dës net adoptéieren ausser si sinn ebe Proprietär vum Grondstéck.

D’Zil ass et de geschichtlechen Aspekt vun de Kabinne bäizebehalen, se ginn nämlech als wichtegt Stéck vun der brittescher Geschicht ugesinn. Mëttlerweil goufen d’Kabinnen awer schonn zum Beispill als Defibrillator, Konschtgalerien, Bibliothéik awer och als Musée ëmfunktionéiert.

U sech gëtt et den Adoptiounsprogramm zënter 2008, mee elo rezent gouf en neien Opruff gemaach. An dat am Kader vun 100 Joer Jubiläum vun den Telefonskabinnen. 1924 gouf d’Kabinn K2 agefouert, déi vum Sir Giles Gilbert Scott designed gouf. Et goufen da mat der Zäit verschidden Designer.