
© YouTube Screenshot LuxDoc
De 15. September um 19h00 ass de Luxembourg Science Slam an der Abtei Neimënster. Do kann ee spannend Presentatiounen vu Fuerscher kucke goen.
D’lescht Joer haten 200 Zuschauer de Wee an de Gronn fonnt. An natierlech erhoffen sech d’Organisateuren dëst Joer nach méi Visiteuren. D’Zil vum Science Slam ass et d’Leit z’ënnerhale mee och iwwer d’Fuerschung zu Lëtzebuerg z’informéieren.
Fir dass net just d’Wëssenschaftler iwwert déi aktuell Fuerschung zu Lëtzebuerg Bescheed wëssen, gëtt et de Luxembourg Science Slam. De Prinzip ass dass 6 Fuerscher hir Recherchë virstelle sollen.
Awer net esou wéi an enger Schoulstonn oder wéi bei enger Liesung. D’Fuerschung soll op enger spannender, witzeger a virun allem verständlecher Aart a Weis presentéiert ginn. Si kréien dann awer och Coaching well dat net ëmmer esou einfach ass esou Projeten der breeder Ëffentlechkeet virzestellen.
Dowéinst ka wierklech jiddereen op de Science Slam kommen, esou de Manuel Maidorn vum Organisatiounsteam. Et wier esouguer fir déi Leit geduecht, déi am Alldag net vill mat Fuerschung ze dinn hunn, déi keng Virkenntnesser hunn mee déi sech awer trotzdeem dofir intresséieren, wat an deem Sënn am Grand-Duché geschitt.
De Luxembourg Science Slam gëtt vu LuxDoc, dem Doktoranden-Netzwierk zu Lëtzebuerg, a vum Descom-Projet vun der Uni Lëtzebuerg organiséiert.
Et melle sech ëmmer ganz vill Fuerscher fir matzemaachen, mee et gi 6 Fuerscher am Endeffekt erausgesicht. Haaptkrittär ass hei d’Diversitéit. An dat wat d’Persoun, de Charakter, d’Institutiounen an d’Fuerschungsgebidder ugeet.
Themen dëst Joer sinn ënner anerem den Immunsystem, oder och wéi de Mënsch Decisiounen trëfft. Intressant ass dann och dass de Publikum zum Schluss fir de Liiblingsvirtrag stëmmen dierf. Et gëtt dann e symbolesche Präis fir de Gewënner.
Den Austausch mat de Leit ass och wichteg. Dowéinst gouf decidéiert méi op d'Interaktioun tëscht Publikum a Fuerscher ze setzen. Esou kann een no de Virträg sech bei engem Patt mat de Wëssenschaftler austauschen, Froe stellen an einfach diskutéieren.
Weider Infoen an och wéi een un Tickete kënnt, fënnt een um Site scienceslam.uni.lu. Dës kaschten 5 Euro.