E Liewe ganz ouni Handy kann ee sech schonn net méi virstellen. Dofir kann et da mol stresseg ginn, wann den Akku gläich eidel ass.

De Smartphone gehéiert zu eisem Alldag wéi d’Waasser bei d’Mier. En ass ëmmer an der Täsch an zu all Moment grëffbereet. Nëtze mécht en eis awer nëmmen dann eppes, wann en och opgelueden ass.

Am beschte Fall starte mir an eisen Alldag mat engem vollen Handyakku. Je no Heefegkeet vun der Benotzung an natierlech och dem Alter vum Handy no, geet den Akku mol méi mol manner séier eidel. Vun 100% op 70% op 50%  an iergendwann si mir da bei 20% ukomm, ouni datt mir et gemierkt hunn.

An hei fänkt da bei ville Leit d’Panik un an de Stresslevel geet an d’Luucht. Wat géif ee maachen, wann den Handy elo all Moment kéint ausgoen? Besonnesch schlëmm ass et dann, wann ee grad ënnerwee ass a keng Méiglechkeet huet, den Handy opzelueden.

Sou huet sech dann eng reegelrecht Angscht virum déiwen Handyakku entwéckelt: Low Battery Anxiety. Aus deem Grond huet d’Firma LG Electronics dann och eng Ëmfro gemaach, bei där 2.000 Leit matgemaach hunn. Heiraus huet sech erginn, datt sech 9 vun 10 Leit géife gestresst a beonrouegt fillen, wann hiren Akku bis op 20% eroffält. Besonnesch d’Millennials, also déi Leit, déi am Ufank vun den 80er an um Enn vun den 90er gebuer sinn, wieren am meeschte vun dëser Angscht betraff. 42% hätten uginn, si géifen éischter hiren Handy oplueden, wéi eppes raus ënnerhuelen ze goen.

Dës Angscht geet also esou wäit, datt mir eist Liewen net no eise Bedierfnisser riichten, mee no eisem Akkustand. Dës Weidere soll dës Angscht och eise Cortisol-Level steigeren.

Aner méiglech Symptomer sinn zum Beispill, friem Persounen no engem Oplueder ze froen, méi wéi een Oplueder ze besëtzen oder säin Handy permanent am Flugzeugmodus ze hunn, fir Batterie ze spueren.

Lauschtert hei de Reportage!