Wéi gesäit den Alldag vun der Police op der Fouer aus? Wat sinn déi verschiddenen Aufgaben? A wéi gesäit d'Kommissariat aus?

D'Policeekipp, déi iwwert d'Fouer patrulléiert, besteet an der Reegel aus zwee Polizisten an deemno wéi kann nach eng drëtt Persoun dobäi sinn.  Dat ass dann ee Stagiär vun der Police, deen aktuell an der Policeschoul ass. An et ass net nëmmen eng Patrull op der Fouer ënnerwee, mee an der Reegel zwou Patrullen. Nieft deene jeeweils zwee Polizisten, déi um ganze Site vun der Fouer ënnerwee sinn, gëtt d'Ekipp nach vun engem weidere Polizist ënnerstëtzt. Dëse sëtzt am Kommissariat, also am Büro op der Fouer. De Chef vun der Ekipp huet hei alles am Bléck a wann eppes gemellt gëtt, da koordinéiert hien dat. Dat heescht iwwert Funk ginn d’Informatiounen dann all un déi Polizisten um Terrain weidergeleet.

D'Police patrulléiert an éischter Linn iwwert d'Fouer fir Presenz ze weisen a fir preventiv kënnen ze handelen. Des Weidere sollen Onéierlecher ofgeschreckt ginn. D'Ekipp, déi iwwert d’Fouer geet, ka selwer decidéieren, wéi laang een Tour dauert a wéi oft si den Tour wëlle maachen. Owes sinn natierlech méi Polizisten op der Fouer present. Da si jo och méi Visiteuren op der Fouer ënnerwee.

Natierlech sinn d'Polizisten net nëmmen ënnerwee fir preventiv eppes kënnen ze bewierken, mee si sinn an éischter Linn do, fir dass en d'Visiteure vun der Fouer sech kënnen u si wenden, wann eppes sollt sinn. Dat heescht falls ee Kand verluer geet oder eng Persoun de Portmonnie geklaut kritt oder et zu enger Kläpperei sollt kommen, da kann d'Police direkt intervenéieren. Falls et zu enger Dot sollt kommen, da mellen d'Polizisten dat iwwer Funk beim Kommissariat op der Fouer. Wann d’Polizisten dann nees um Kommissariat sinn, da gëtt ee Rapport erstallt. Oder eng Persoun, déi opgefall ass, gëtt mat op d'Kommissariat geholl. An och Persounen, déi eng Plainte wëlle maachen, gi mat an d'Kommissariat begleet. Mee bis elo gouf et nach kee gréissere Virfall op der Fouer fir dëst Joer. Natierlech këmmert d'Police sech och ëm Objeten déi fonnt gi sinn. Déi sinn da fir aacht Deeg um Policebüro ze fannen.

Fir d'Kommissariat op der Fouer kënnen sech Poliziste vun alle Kommissariater aus dem ganze Land mellen. Heifir ginn nämlech d'Plazen ausgeschriwwen. D'Kommissariat op der Fouer huet ee Raum an deem de Chef vun enger Patrulle sëtzt an dat Ganzt leet. Da gëtt et nach ee Raum an deem Plainte bei der Police kënne gemaach ginn oder an deem Täter matgeholl ginn, fir dass ee Faite kann opgeschriwwe ginn. Dëse Raum ass och ekipéiert mat befestegten Handschellen. Donieft huet d’Kommissariat nach ee Raum mat Computeren, ob deen d'Polizisten all kënnen zeréckgräifen an eng kleng Kichen.

Lauschtert hei de ganze Reportage.