
© Eldoradio
De Sébastien Cayotte ass e Lëtzebuerger Enseignant, dee schonn zënter 8 Joer gär Challengë mat engem Locatiounsvëlo mécht.
Seng éischt Challenge war tëscht Lëtzebuerg a Paräis duerno ass et ënner anerem op Amsterdam a Roum gaangen. Seng rezent Challenge war et am Juli mam Escher Locatiounsvëlo Vël’OK bis op Istanbul ze fueren. Konkret ass hien 2.858 Kilometer gefuer a war mat 19.000 Héichmetere konfrontéiert. De Sébastien ass duerch 10 verschidde Länner an 3 Haaptstied gefuer. Hie war 29 Deeg ënnerwee.
Fir hie war dat eng eenzegaarteg Erfarung fir Plazen z’entdecken, déi een net kennt mee och fir nei Leit kennenzeléieren. Eng Inspiratioun fir hien ass de bekannten Aventurier Jonas Deichmann.
Sportlech war dat natierlech eng Erausfuerderung. De Vëlo mat nëmmen 3 Gäng géif dat alles méi schwéier maachen. Mee hie war ganz gutt preparéiert. De Sébastien gouf vun engem Kiné an engem Muskulatiounsstudio encadréiert mat deem hien e Partenariat hat. Dofir hat hien och manner Probleemer wéi bei deene leschte Challengen. Physesch war et him gutt gaangen, hien hat emol kee Muskelkater.
Virun allem war et ganz flott nei Kulture kennenzeléieren. D’Leit waren zum Beispill a Serbien an Nordmazedonien ganz sympathesch.
Dem Sébastien säi Parcours war gréisstendeels duerchgeplangt. Heiansdo huet hien awer misse spontan kucke wou hie fiert. Zum Beispill huet hien de Kosovo wéinst der schwiereger politescher Situatioun evitéiert.
Well hie vill Challengen hannert sech huet, war hien och gutt virbereet fir op Istanbul ze fueren. Hie war gutt organiséiert a säi Material war optimal. Mat der Zäit hätt hien do vill bäigeléiert: hien hat e gutt Zelt an eng gutt Matrass fir ze schlofen. Och mam Paken hat hie sech gutt ugeluecht.
D’Zil vun dëser Challenge war et natierlech och d’Assocatioun Challenging for Smiles Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen. Spende gi gesammelt fir de Flüchtlingen zu Kigali am Ruanda ze hëllefen an d’Schoul ze goen. Et ass och schonn eng gutt Zomm erakomm mee d’Cagnotte ass nach op. De Sébastien war iwwregens selwer op der Plaz fir sech de Projet unzekucken.