
© Unsplash
De Massimo huet sech den Agenda fir de Mount September ugekuckt a presentéiert seng Top-Picks.
Netflix :
Kommen den Otis an d’Maeve endlech zesummen? Déi Fro gëtt den 21ten September hoffentlech beäntwert. Dann kënnt nämlech déi véiert a lescht Staffel vu Sex Education eraus, eng vun den erfollegräichsten Netflix-Serien iwwerhaapt.
Amazon Prime Video :
John Wick 4 huet am Ufank vum Joer weltwäite Succès gefeiert. Op e weideren Deel mam Keanu Reeves musse mir nach eng Zäitche waarde ma an Tëschenzäit presentéiert Amazon Prime Video den 22te September dräi-deelege Spin-Off The Continental.
Disney + :
Dëst Joer huet den drëtten Deel vu Guardians of the Galaxy d’Trilogie offiziell op en Enn bruecht. De klenge Groot bleift eis awer nach bëssi erhalen. Seng eege Serie geet de 6te September op Disney+ an déi zweete Staffel.
Um selwechten Dag kënnt och The Little Mermaid, alias Arielle, die Meerjungfrau um Streamingdéngscht eraus. Et ass eng vun den erfollegräichsten Disney-Realverfilmungen iwwerhaapt.
De 27ten September kommen dann nei Aventurë vun de Simpsons eraus an déi gi mëttlerweil schonn an déi 34te Staffel.
An zu gudder Lescht, een Dag méi spéit, den 28ten, kommen och Fans vun Trash TV mat der véierter Staffel vun The Kardashians op hir Käschten.