Op Plaze mat grousse Mënschemasse klauen Déiwe gäre Saachen aus den Täsche vu Passanten. Dës Aart vun Déifstall nennt ee Pick-Pocketing, esou d'Police.

Beim Pick-Pocketing handelt et sech ëm een Déif, dee Géigestänn vu sengen Affer klaut ouni dass déi dat mierken. Verschidde Pickpockets sinn immens effikass a klauen de Leit sou guer Géigestänn, déi si um Kierper droen. D'Affer mierkt den Déifstall oft eréischt duerno, wann et ze spéit ass.

Am beschte kann een sech géint Pick-Pocketing schützen andeems ee just déi Suen a Bankkaarte mathëlt, déi ee brauch. Eng Posch soll ëmmer zou sinn an et soll een déi ni aus den Ae loossen. Am beschte soll een seng Posch och virun sech droen. Wäertsaache wéi de Portmonnie soll een an der banneschter Täsch vun der Jackett droen, wann een esou eng huet an wann et méiglech ass, soll ee probéieren Distanz zu onbekannte Leit ze halen.

Wann een Affer vun engem Déifstall gouf, sollt ee schnellstméiglech d'Police kontaktéieren. Hei krit een da weider Instruktiounen. Wann een Hëllef brauch, sollt ee versichen d'Opmierksamkeet vun de Leit ronderëm sech op sech ze zéien an esou no Hëllef ze froen. Falls een den oder d'Täter gesinn huet, soll ee probéieren sech ze verhale wéi déi ausgesinn hunn. Wann een Handy sollt geklaut ginn, da soll een den Operateur informéieren. Bei enger Bankkaart soll een seng Bank kontaktéieren an d'Kaart späre loossen. Generell soll een der Police eng genee Beschreiwung iwwert déi geklaute Saachen ginn.

Souwuel fir d'Affer, wéi och fir d’Zeie gëllt, dass een dem Täter géigeniwwer net handgräiflech soll ginn. Mee et soll een dësen op eng direkt a bestëmmt Manéier verbal interpelléieren. Och als Zeie kann een aner Persoune ronderëm ëm Mathëllef froen. Wann ee gesäit, dass et enger Persoun déi virdru beklaut gouf duerno net gutt geet oder d'Persoun hëlleflos ass, sollt een seng Hëllef ubidden. Generell soll ee versichen sech sou vill Detailer wéi méiglech iwwert den oder d'Täter an d’Dot ze verhalen. Dono soll een sech bei der Police mellen an sech als Zeien uginn.

Lauschtert hei de ganze Reportage.