Bei grousse Mënschemasse kenne Kanner mol verluer goen, mee wéi kann een dës da séier erëm fannen? A kann ee sech an d'Kanner op vill Leit preparéieren?

Wann een ee Kand op der Fouer sollt verléieren, da soll een dat sou séier wéi méiglech bei der Police mellen, dat am Beschte mat enger Beschreiwung an enger Foto vum Kand. Hei soll een dann och uginn, wat d'Kand un huet. Des Weidere soll ee bei der Police uginn, wou d'Kand vir d'Lescht gesi gouf. Esou kënnen d'Policebeamte méi effizient nom Kand sichen.

Dee Moment an deem ee mierkt,dass ee Kand verluer gaangen ass, kann een sech un d'Bedreiwer vun engem Stand oder engem Spill wenden an natierlech och un d'Police, déi reegelméisseg iwwert d’Fouer patrulléiert. Des Weidere kann een och nach bei d'Fouerkommissariat am Agang vun der Fouer goen.

Am Beschten ass et sech a säi Kand am Virfeld vun der Visitt op der Fouer beim Service Enfants perdus vun der Police unzemellen. Hei kritt d'Kand um Fouerkommissariat ee Pechbild op seng Kleeder mat engem Identifikatiounscode an der Telefonsnummer vum Fouerkommissariat drop. Esou kënnen d'Leit, déi d'Kand begéine séier d'Police kontaktéieren an d'Police kann d'Kand unhand vun dësem Code séier identifizéieren. Esou kennen dann och d'Begleeder vum Kand kontaktéiert ginn.

Donieft soll een am Virfeld vun der Visitt op der Fouer mam Kand schwätzen a mat him e puer Reegele festhalen. Zum Beispill, dass een zesummebleift oder, dass een no engem Spill openee waart. Et kann een och am Virfeld een Treffpunkt mam Kand ausmaachen, wou d'Kand soll hikommen, wann een sech sollt verléieren. Dëst soll am ideal Fall eng Plaz sinn, déi ee vu wäitem gutt gesäit an een sech als Kand gutt verhale kann. Jee no Alter kann een dem Kand och een Handy matginn.

Generell soll een natierlech ëmmer virsiichteg sinn an als Begleetpersoun probéieren d'Kand och net bei engem Spill aus den Aen ze loossen. Des Weidere sollt ee probéieren als Grupp ëmmer beieneen ze bleiwen.

Lauschtert hei de ganze Reportage.