
© Eldoradio
Marteria, Marsimoto oder einfach Marten Laciny. Den däitsche Rapper lieft fir d'Musek an huet scho villes a senger Karriär erreescht.
Den däitsche Rapper Marteria ass net nëmmen e richteg gudde Museker, mee en ass och nach zimmlech facettëräich. Als Jugendlechen huet en zum Beispill an der U17 vu sengem Fussballveräin matgespillt an am Joer 1999 ass e souguer op New York gaangen, fir seng éischt Suen als Model ze verdéngen. An där Zäit huet en awer scho fläisseg u senger Musek geschafft an ass och am Joer 2000 zréck an Däitschland komm.
De Marteria, mam biergerleche Numm Marten Laciny, huet seng éischt Lidder awer ënner sengem Alter Ego released. De Marsimoto steet mat Mask op der Bün a gouf an d’Liewe geruff aus dësem einfache Grond: Däitschland sollt rëm dreeme kënnen. Déi zwee ënnerscheede sech souwuel a am Gesang wéi och an der Thematik. De Marsimoto huet eng méi héich Stëmm a kuckt anescht op d’Welt wéi de Marteria. Dësen zielt nämlech déi richteg Geschichten aus der realer Welt mat méi däischterer Stëmm. Béid Museksrichtunge kënnen d’Fans awer iwwerzeegen.
Richteg duerchstarte konnt de Marteria dann am Joer 2012 zesumme mam Yasha a Miss Platnum mat hirer Feel-Good-Single Lila Wolken. Ganzer 49 Wochen huet et sech dat Joer op der Plaz 1 vun den däitschen Charts gehalen.
Mee och dem Marteria säi Liewe war gezeechent vun engem héijen Alkohol- an Drogekonsum. No engem Niereversoen am Joer 2015 huet e sech dann dofir entscheet e bësse méi kuerz ze trieden a sech sengen Hobbyen ze widmen. Sou geet en zum Beispill reegelméisseg fëschen.
An trotzdeem konnt hie sech 2018 en Dram erfëllen: Als éischten däitsche Rapper ass hien an engem ausverkaafte Fussballstadion opgetrueden. Ganzer 32.000 Leit hunn hien ugefeiert.