
© Pexels.com
Dacks gëtt een an enger Bezéiung ofhängeg vu sengem Léifsten an et verléiert ee sech selwer. Dat sollt awer net sinn.
Et ass ee frësch verléift an enger Bezéiung mam Liblingsmënsch an et gesäit een d’Welt duerch e rosaroude Brëll. An deenen éischten 3 bis 12 Méint ass ee voll an der sougenannter Verliebtheitsphase. Den Dopamin-Level ass esou héich, datt ee sech quasi ëmmer wuelfillt an datt een déi méi negativ Eegenschafte vum Partner vläicht net direkt sou wouerhëlt. Gläichzäiteg ass et awer och eng Zäit an där mir eis Léifste besser kenneléieren an erausfannen, ob mir iwwerhaapt zesumme passen, wéi deen aneren tickt a wat seng Hobbyen a vläicht och Geheimnisser sinn.
Et soll ee jo sou vill wéi méiglech mat sengem Partner oder senger Partnerin deelen, trotzdeem sollt dir awer oppassen, äre Géigeniwwer net ënnerzebotteren a vun uewen erof behandelen. Egal, ob dir eng Koppel sidd, déi ëmmer zesummen ass oder eng Koppel, déi sech net ëmmer gesäit: Dir sidd ëmmer nach zwou eegestänneg Persounen, mat eegene Bedierfnisser, Wënsch, Virstellungen a Pläng.
Dowéinst ass et och duerchaus normal, datt ee seng Zäit fir sech brauch an net ëmmer alles muss zu Zwee maachen. Et sollt och net sinn, datt eng Persoun an der Bezéiung alles entscheet oder déi aner zu Saachen zwéngt, déi se net wëll. An deem Fall wiert dir nämlech an enger toxescher Bezéiung. Et ass wichteg, sengem Léifste seng Grenzen a Virstellungen ze respektéieren an och net béis ze ginn, wann een net der selwechter Meenung ass oder och Zäit fir sech brauch. Wichteg ass et also eng gesond Balance ze hunn a Kompromësser anzegoen.
Sou kënnt dir dem Risk entgoen, äert eegent Wiesen an der Bezéiung ze verléieren. Gitt also net ofhängeg vun ärer Partnerin oder ärem Partner a probéiert, datt dir Zwee mat ären Entscheedungen zefridde sidd.
Wéi kann ee versécheren, datt ee sech selwer net a senger Bezéiung verléiert? Hei e puer Tipps, déi kéinten hëllefen.
Eng Bezéiung ass sécher eppes Schéines. Wann een awer net oppasst, kann déi sech awer mol an eng falsch Richtung beweegen. Sou kann et sinn, datt ee sech iergendwann an enger toxescher Bezéiung erëmfënnt, ouni datt een et gemierkt huet.
Fir datt et awer net sou wäit kënnt, ass et wichteg als alleréischt mol oppe mateneen ze kommunizéieren. Et héiert een ëmmer erëm, datt eng gutt Kommunikatioun de Schlëssel fir eng glécklech Bezéiung ass, mee et ass tatsächlech wouer. Seng Gefiller haart auszeschwätzen ka vill Problemer aus der Welt schafen.
Heibäi ass et dann och wichteg, genau ze soen, wat ee perséinlech wëll a wat ee sech virstellt. Gläichzäiteg muss een awer dann och respektéieren, wat de Partner oder d’Partnerin seet. Et zielt, oppen ze schwätzen awer och nozelauschteren.
Selfcare, also sech ëm sech selwer këmmeren ass och e wichtege Punkt. Dir sollt op kee Fall är Hobbye, Frënn oder souguer Famill vernoléissege nëmme well dir lo an enger Bezéiung sidd. Dir sollt ëmmer nach dat kënne maachen, wat iech an ärem private Liewe glécklech mécht an do sollt iech kee Steng an de Wee leeën. Nach ee klenge Reminder: Et ass net selbstsüchteg, seng eege Bedierfnisser heiansdo virun déi vu sengem Léifsten ze stellen.
Wann dir iech da vläicht net méi sécher sidd, ob är Bezéiung nach eng Zukunft huet, kënnt dir och einfach äre Frëndeskrees oder är Famill froen, wéi si dat gesinn. Si hunn nämlech nach eng Kéier ee méi neutrale Bléck op déi ganz Bezéiung a kënnen hëllefen.
Fir datt dir iech also selwer net an der Bezéiung verléiert, gëllt et, en Zesummespill ze hunn vu géigesäitegem Respekt an Ënnerstëtzung.