D'Melissa ass dat éischt hei zu Lëtzebuerg, dat sech mat der Lëtzebuerger Jugendsprooch auserneesetzt, dat am Kader vu senger Dokteraarbecht.

D'Melissa Mujkic schreift aktuell seng Dokteraarbecht mam Schwéierpunkt Lëtzebuerger Jugendsprooch. D'Melissa erkläert säi Fuerschungsprojet am Detail, méi genee geet et ëm Digital Jugendkommunikatioun. Dat heescht hei kuckt hatt sech wéi déi Jonk op Whatsapp matenee kommunizéieren.

D'Zil vun der Etüd ass et eraus ze fannen, wéi déi Jonk matenee schreiwen a schwätzen. Déi éischt Resultater huet d'Melissa och scho festgestallt. Zum Beispill wëll hatt erausfannen, wéi kreativ an innovativ déi Jonk mat der Sproochen an der digitaler Kommunikatioun sinn. Hei kuckt hatt da wéi eng Wierder si reegelméisseg benotzen an ob déi Wierder vläicht fir déi Erwuessen net verständlech sinn. Ee Beispill aus dem aktuelle klenge Korpus ass dat franséischt Wuert "le gars". Dat Wuert gëtt deelweis och mat "ga" ofgekierzt a gëtt benotzt fir een anere jonke Mann unzeschwätzen. Des Weideren interesséiert leet d'Melissa säi Fokus op Ofkierzungen. Och hei konnt hatt schonn ee Beispill feststellen, nämlech d'Ofkierzung "GN" déi fir "gutt Nuecht" oder "good Night" steet. A net nëmmen hei kann et sech ëm een englescht Wuert handelen. Déi Jonk benotzen allgemeng gären Anglizismen, wéi zum Beispill "same". Dat heescht dat si Wierder aus der englescher Sprooch, déi an der lëtzebuergescher Sprooch benotzt ginn.

Am Lëtzebuergesche ginn et vill Fuerschungslücken a mat dëser Dokteraarbecht ass d'Melissa dat éischt dat sech mam Thema Jugendsprooch auserneesetzt. Fir d'Jugendsprooch dann ze analyséieren, ass d'Melissa och op jonk Whatsapp-User a -Userinnen am Alter tëschent 12 a 19 Joer mat lëtzebuergesch Kenntnisser gewisen. Dofir organiséiert hatt am September an am Oktober Workshoppe op der Uni Lëtzebuerg um Belval. Hei mussen déi Jonk awer net eenzel matmaachen, mee och Proffe kënnen hir ganz Klass fir esou ee Workshop umellen. Dofir géif d'Melissa dann och an déi entspriechend Schoul kommen.

Bei dësem Work-Shop gi Whatsapp-Chats beaarbecht an dono analyséiert a natierlech gëtt ee fir seng Aarbecht och ënner anerem mat engem Bong belount. Bei dëse Workshoppe sichen déi Jonk Whatsapp-Chats eraus a lueden déi op ee Site erop. Do virdru mussen dës Chatten awer esou beaarbecht ginn, dass ee keng perséinlech Donnéeë méi kann eraus liesen. D'Zil ass et, dass d'Chatten zum Schluss ganz anonym sinn. Donieft sammelt Melissa awer och Meta-Daten. Dat heescht hatt kuckt hei d'Geschlecht, den Alter, de familiären Hannergrond, de Sproochegebrauch an de schouleschen Niveau vun de Participanten.

Bei Interessi kenne Jonker an och Proffen hir Klass op melissa.mujkic@uni.lu umellen. Deen éischte Workshop ass de 19. September vu 16:00 Auer bis 18:00 Auer.

Lauschtert hei de ganze Reportage.