Eng Etüd huet ënnersicht, ob eis Genen en Afloss op eis Frisur hunn. Deemno wier et méiglech, datt e Bad-Hair-Day genetesch bedéngt wier.

Mir kennen en dach alleguer: Deen een Dag, op deem mir moies opstinn, an de Spigel kucken an d’Hoer rëm zu alle Säite ewechstinn. De Bad-Hair-Day wënscht iech e schéine gudde Moien. Egal wat ee mécht a wéi vill ee mat der Kämmbiischt doduerch fiert, d’Hoer sëtzen einfach net sou, wéi ee se gären hätt.

Eng Etüd aus Shanghai huet elo gewisen, datt eis Gene kéinte Schold um Hoerdebakel sinn. Sougenannt Wirbele bestëmmen d’Form vun eisen Hoer an och wéi se falen. Dës Wirbele si wéi ronn Flecken, déi no beim Scheet um Kapp leien. Dës bestëmmen ënnert anerem a wéi eng Richtung d’Hoer sech dréinen.

Wëssenschaftler hunn elo rausfonnt, datt eng Genmutatioun d’Bildung an och d’Form vun dëse Wirbele verännere kann. Heifir sollen et bis zu 4 genetesch Variante ginn, déi d’Ausgesinn vun de Wirbele beaflosse kënnen. Besonnesch Persoune mat enger atypescher neurologescher Entwécklung hätten een ongewéinlecht Wirbelmuster opgewisen. Aus deem Grond hunn d’Fuerscher den Zesummenhang tëscht de Genen an den Hoerwirbele getest.

Et wier och net nëmmen ee Gen fir d’Entwécklung vun eisen Hoer zoustänneg, mee et si méi ënnerschiddlech Genen. Fir dës Genen ze ermëttelen hunn d’Fuerscher vum Shanghai Institute of Nutrition and Health interessant Eegenaarte gesicht, déi ausschlaggebend sinn fir eist Ausgesinn, sou zum Beispill Fangerofdréck, d’Déckt vun den Aperhoer, d’Form vum Ouerläppchen an och krauseleg Hoer.

Fir d’Etüd goufen Date vu bis zu 4 Dausend Participanten mat abezunn. Sou sollen déi véier genetesch Varianten d’Richtung vun den Hoerwirbele beaflossen, andeem si d’Zellstruktur veränneren. Awer och eng fréi Verännerung an der Entwécklung, wéi zum Beispill de Wuesstem vum Gehier an dem Nervesystem, kënnen eng entscheedend Roll spillen.

Lauschtert hei de Reportage!

Déi nächste Kéier, wann är Hoer also net gutt leien, kënnt dir jo vläischt einfach soen, datt är Gene Schold sinn.