Esou war den éischten Dag vum LOA by Post Festival um Kierchbierg.

2 Deeg, 3 Stages, Iwwer 30 DJs...

Mat dëse Stéchwierder ass de LOA by Post 2023 an de grousse Seasonclosing gaangen. Och dëst Joer fënnt de Festival wéi gewinnt op der Place de l'Europe um Kierchbierg direkt bei der Philharmonie statt. An wien um Freiden um Site war, huet alt erëm gemierkt, de LOA ass méi wéi just e Festival. Et ass eng Experience!

Sebastian Jacqué (Organisateur): Fir an d'LOA-Experience anzedauchen ass et eis immens wichteg, vill Animatioun an Dekoratioun um Site ze hunn. Mir wëllen d'Leit an eng aner Welt mathuelen, méi genee an d'LOA-Welt. Mir probéieren de Leit eng ganz Partie Saachen ze bidden, déi se déi ganz zwee Deeg iwwer kënnen erliewen an entdecken.

Knapps war een um Site, konnt een sech schonn an de passende Festival-Look geheien. Op der Plaz fënnt een zum Beispill e Coiffeur, bei deem een sech Trëtze ka maache loossen oder Facepainting, bei deem Glitzer a faarweg Steng natierlech net feelen dierfen. Wien sech no stonnelaangem Danze wëll ausrouen, fënnt ënnert anerem eng Chill-Out-Area mat Ligestill, Hängematten an esouguer e Masseur, bei deem ee sech dann esou richteg entspane kann.

Bei perfektem Summerwieder mat vill Sonn, bloem Himmel a ronn 30 Grad, konnt een dann och vu verschidde Bare profitéieren, déi queesch iwwer de Site verdeelt waren.

Sebastian Jacqué (Organisateur): De LOA ass eppes, dat hei zu Lëtzebuerg eenzegaarteg ass. Et ass net just e Festival, mee eng Full Experience ob där ee vu moies bis owes all Stonn eppes Neies gebuede kritt. Et ass och de Moment fir vläicht eppes Neies ze entdecken an an déi elektronesch Musek anzedauchen.

Wéi och schonn am Fréijoer um Belval, kann een um LOA by Post vun 3 Stages profitéieren, déi all en anere Genre vun EDM beliichten. Op der Inferno-Stage, déi een direkt riets nieft der Entrée fënnt, hunn um Freiden Nimm wéi K.LEO.PATRA, Enna, Razzle Dazzler a Gilles Bock de fäinsten Acid, Future, Minimal an Techno geliwwert. Déi Stage war virun allem owes gutt besicht an huet eng gutt Alternative geliwwert, wann ee vun Hardstyle-Musek net esou begeeschtert war.

Nieft der Inferno-Stage gouf et dann nach eng drëtt Stage op där d'Stiler Basshouse, Dubstep, Drum&Bass an Hardstyle am Fokus stoungen. Genee wéi bei der Editioun 2022 ass dës Stage awer net op den éischte Bléck ze fannen. Se ass verstoppt a wien de legendäre Schëffscontainer wëll fannen, muss de Site entdecke goen. Mir ginn iech op dëser Plaz awer e klengen Tipp: D'Rave-Cave verstoppt sech op enger Plaz, déi een am Laf vum Owend souwisou déi eng oder aner Kéier opsiche muss. Gitt awer am beschte scho fréi am Dag dohinner luussen, well d'Stage gëtt séier voll, virun allem wa méi Leit um Site sinn.

De Groussdeel vun de Leit huet sech awer 2023 virun der Mainstage erëmfonnt. An hei probéiert d'Organisatioun vun Editioun zu Editioun eng Schëpp dropzeleeën. Déi DJs, déi sech um Line-Up erëmfannen, gi vu Joer zu Joer méi grouss a méi bekannt. Nieft dem traditionellen Opening vu Lëtzebuerger DJs (Pixelperinch, Freezy a Pinkspace), hunn déi éischt international Nimm iwwerholl woubäi fir eis virun allem de Pajane de Public iwwerzeege konnt.

Dono ass et mam Glockenbach weidergaangen. Hien huet bewisen, dass hien net just fäeg ass, Radio-Hits ze produzéieren, mee och op engem Festival viru Live-Public mol méi haart EDM-Beats op seng Setlëscht ze packen.

Um Freide war de groussen Headliner awer ouni Zweiwel W&W, déi mat hirem Bigroom-Sound d'Party um 22h op en anere Level gehuewen hunn. Genee de richtege Moment, fir d'Lautstäerkt um Site och en Tick méi haart ze dréinen.

Sebastian Jacqué (Organisateur): Et ass eis als LOA wichteg, déi vill verschidde Fassade vun der EDM-Musek ze behandelen an ze weisen. Sief et kommerziell Radio-Hits, de klasseschen Tomorrowland-Sound, Bigroom, Techno a méi Underground-Styles. De Line-Up soll op der Mainstage am Allgemengen ausgeglach sinn.

De LOA huet 2023 bewisen, dass en sech als Festival och eppes traut. Fir déi éischte Kéier gouf et mam Coone nämlech e réngen Hardstyle-DJ op der Mainstage. Dat emplus fir de Closing vum éischte Festivaldag. Gouf et ufanks nach e puer Fragezeichen, ob d'Leit dëse Sound wierklech géifen unhuelen, gouf schlussendlech all Kritiker eppes besserem beléiert. D'Leit hu bis zum Schluss gedanzt a gefeiert, och wann d'BPM Richtung Mëtternuecht ëmmer méi héich a ganz zum Schluss, esouguer Richtung Hardcore gaange sinn. Hardstyle um LOA? Nächst Joer gären nach eng Kéier!

Nom éischte Festival-Dag ass de Fazit relativ kloer. De LOA huet et alt erëm fäerdeg bruecht, sech am Verglach mam vergaangene Joer ze iwwertreffen. Eng grouss Auswiel u verschidde Musek-Genres, e coole Festivalsite, eng jett Animatiounen an Iwwerraschungen, keng laang Waardeschlaangen a virun allem, e Line-Up an e Sound, deen um Freide vill Leit begeeschtert huet.

Mir si prett fir de Samschden, den zweeten Dag vum LOA by Post um Kierchbierg!