
© FTS
Verpasst hei keng Minutt vum LOA by Post Festival 2023.
00h00 - Thank You LOA!!!
Och wa Nervo als bekannten internationalen Headliner (virun allem mat esou engem grousse Numm) nach Sputt no uewen gehat hätt, huet eis och den zweeten Dag vum LOA op ganzer Linn iwwerzeegt. D'Organisatioun huet hire But och dëst Joer erëm ereecht, nämlech sech mat dëser Editioun alt erëm selwer ze iwwertreffen!
Mir vum Eldo soe Merci fir d'Editioun 2023 a mir gesinn eis am Mee um LOA Esch 2024!
Och de Public huet sech iwwer déi zwee Deeg iwwerzeegt gewisen:
23h20 - Nervo am Eldo -Interview!
NERVO IS ON!!!
Déi zwee Schwësteren sinn 2023 déi grouss Headliner a suergen haut um Samschden fir de Closing vun der Mainstage.
Déi zwou Zwillingsschwëstere Mim a Liv spille säit iwwer 10 Joer déi gréisste Bünen vun der Welt (Tomorrowland, Lollapalooza, Creamfields, Ultra, etc.) an hu schonn Tracks fir Kylie Minogue, The Pussycat Dolls oder David Guetta geschriwwen.
Am Eldo-Interview schwätze si iwwer den Highlight vum Summer, nei Musek an hire verréckte Kleeder-Stil. Donieft kläre mir d'Fro: Wéi nerveg ass et mat senger Schwëster op Tour ze sinn?
23h10 - Wien huet Bock op Nervo?
Leider schonn 10 Minutten Retard :(

© Eldo
22h35 - Den Danny Ávila am Eldo-Interview!
Den Danny Ávila ass ee vun de groussen Nimm um LOA by Post 2023. Hien spillt vun 22h00 bis 23h00, ass also de leschten DJ éier de groussen Headliner Nervo de Closing vum zweete Festival-Dag iwwerhëllt.
Den DJ aus Spuenien stécht haut den Owend definitv eraus. Säi Sound a seng Setlëscht ënnerscheeden sech staark vun de Virgänger JVRDY, SLVR oder och Sam Feldt. Säi Stil beschreift hien am Eldo-Interview nämlech als Mainstage-Techno.
Donieft erzielt hien eis iwwer ee ganz spezielle Festival, dee nach op senger Bucket-Lëscht steet.

© Eldo
22h15 - Loscht op eng Foto? Say Cheese!
22h05 - De Sam Feldt am Eldo-Interview!
De Sam Feld kennt een um Eldo virun allem duerch seng kommerziell Radio-Hits. Den DJ aus Holland huet 2014 mat Tropical House fir eng éischte Kéier op sech opmierksam gemaach an ass zanterhier virun allem duerch seng Kollaboratiounen bekannt. A senger Diskografie fannen sech Tracks mam Rita Ora, Tones & I, Kesha oder och Ella Henderson.
Um LOA huet hien awer genee wéi de Glockenbach um Freiden-Owend bewisen, dass hien och virun enger Festival-Crowd iwwerzeege kann. Am Eldo-Interview erzielt hien eis wéi een als DJ un der Spëtzt bleift an dass hien sech relativ vill Zäit fir seng Fans hëllt.

© FTS
21h53 - Vill positiv Reaktiounen ënnert de Leit!
21h45 - E Besuch op der Inferno-Stage!
Aktuell ass d'Mainstage um LOA fest an den Hänn vun den internationalen Headliner. Wien eng Alternative sicht, fënnt säi Gléck ënnert anerem op der Inferno Stage. Déi ass aktuell och gutt besicht an bis um 22h00 suergt nach d'Jenni Zimnol mat Hardtechno-Beats fir déi passend Ambiance.

© Eldo
21h30 - Héije Besuch am Eldo-Container!
No sengem Set vu 19h00 bis 20h00 huet sech den JVRDY nach eng Kéier Zäit geholl fir iwwer de Site ze goen an dësen ze entdecken. Hien koum dann och fir e spontane Besuch an den Eldo-Container an huet sech och fir e kuerze Live-Interview iwwerriede gelooss.

© FTS
21h10 - Wat kascht de Spaass?
Um LOA-Festival ginn et iwwer de ganze Site verdeelt eng Rëtsch Baren. D'Waardenzäiten sinn an der Reegel net laang an et kënnt ee gutt um Comptoir bäi.
- Béier : 4,50€
- Waasser : 3,00€
- Cola : 4,00€
- Red Bull : 4,00€
- Longdrink : 12,00€
- Shot : 4,00€
- Crémant : 6,50€
The LOA deposit system works as follows. At the entrance, you receive a token, which you hand in with your first order at the bar. This way you get a cup for free. For each new order, your cup counts as a deposit for a new clean cup. If you lose your cup or coin, €1 will be added as a deposit. The tokens are not a payment option.
De LOA-Festival funktionnéiert komplett Cashless. Dir kënnt a musst iwwerall mat ärer Kaart bezuelen.
Don't Drink And Drive!
Profitéiert vum Tram, dem City Nightlife Bus, dem Nightrider oder dem Zuch, déi bis an d'Nuecht eran fueren. Weider Infos fannt dir um Site vum LOA ënner FAQs.
20h50 - Réckbléck op de Freiden-Owend!
Dir sidd aktuell ënnerwee op de Kierchbierg a frot iech, wéi d'Stëmmung um LOA-Festival ass. Kuckt hei nach eng Kéier de Recap vun den Headliner vum Freiden-Owend.
20h40 - D'Sonn geet ënner an d'Stëmmung erop!
Iwwer 9.000 Ticketen goufen fir den zweete LOA-Dag verkaaft. Deementspriechend ass de Site bei der Philharmonie gutt gefëllt. Eis Eldo-Reporter hunn sech mam Mikro ënner d'Festival-People gemëscht an d'Stëmmung um Seasonclosing agefaangen.
20h25 - De SLVR iwwerhëllt d'Mainstage!
Um 20h00 huet de SLVR d'Mainstage um LOA by Post 2023 iwwerholl. Hien ass keen Onbekannten um Festival, huet hien 2022 schonn um LOA Esch um Belval performed.
Am Virfeld vu sengem Optrëtt war hien am August live am Studio am Event Navigator. Hei huet den DJ iwwer seng aktuell Karriär an och iwwer säi vergaangenen Optrëtt zu Lëtzebuerg geschwat.
Am Kader vun der Promo-Campagne zum LOA-Festival huet de SLVR e ganz speziellt Set gespillt. Dat am aussergewéinleche Kader vum MUDAM hei um Kierchbierg.