Je nodeem wéi eis Fanger zu enee stinn, kann et sinn, datt mir éischter selbstbewosst, roueg oder awer pragmatesch sinn.

Och wa mir alleguer op all Hand 5 Fanger hunn, gesinn déi trotzdeem bei jidderengem e bëssen anescht aus. Je nodeem wéi laang äre Rangfanger par rapport zum Zeige-oder klenge Fanger ass, kann dat gewësse Charakterzich iwwert iech aussoen.

Verhältnis tëscht dem Rangfanger an dem Zeigefanger

Wann ären Zeigefanger méi laang ass wéi äre Rangfanger hutt dir warscheinlech e grousst Selbstbewosstsinn, hutt vill Iddien an denkt analytesch. Entscheedungen trefft dir net aus dem Bauch raus, mee si si gutt iwwerluecht. Donieft beobacht dir, wéi sech är Entscheedungen op är Matmënschen auswierken a genéisst dofir och eng héich Opmierksamkeet.

Ass äre Rangfanger méi laang wéi ären Zeigefanger straalt dir och e gewëssent Selbstbewosstsinn aus. Dir hutt also keng Angscht virun Hindernisser an hutt ëmmer eng Léisung parat. Aus deem Grond gitt dir och mol méi Risiken an.

Si Rangfanger an Zeigefanger d’selwecht laang sidd dir éischter ausgeglach, sidd trei a suergt iech ëm är Matmënschen. Dir hutt eng positiv Ausstralung, wouduerch d’Leit sech ronderëm iech wuelfillen. An deem Sënn ënnerstëtzt dir är Matmënschen a vermeit Sträitsituatiounen.

Verhältnis tëscht dem klenge Fanger an dem Rangfanger

Ass de klenge Fanger op der Héicht vum Rangfanger, also ongeféier um ierwechte Gelenk vum Rangfanger, wësst dir genau, wat är Bedierfnisser a Wënsch sinn. Dir lauschtert op äert Bauchgefill an hutt gär är Rou, fir är Pläng auszeschaffen.

Ass de klenge Fanger méi kuerz wéi de Rangfanger hutt dir eng héich emotional Intelligenz a kënnt äre Matmënsche gutt nolauschteren.

Befënnt sech de klenge Fanger iwwert dem ierwechte Gelenk vum Rangfanger sidd dir méi emotional. Dir maacht keng hallef Saachen, mee dir sidd voll a ganz do an haalt iech net zréck.

Lauschtert hei de Reportage!

Dir kënnt also är Fanger einfach mol checken a kucken, ob dës Saache bei iech zoutreffen.