An der Nuecht op e Samschdeg ass et jo zu engem ganz schroen Äerdbiewen am Marokko komm. 

D’Zuel vun den Doudesaffer ass op 2.681 geklommen. Dat huet den Inneministère zu Rabat matgedeelt. Op d’mannst 2.500 Leit goufe blesséiert. D’Biewen hat iwwregens eng Stäerkt vu 6,8.

D'EU huet och eng Millioun Euro bereet gestallt. Dat wier en éischte Schrëtt fir d’Hëllefsorganisatiounen op der Plaz z’ënnerstëtzen. D’EU hätt bis ewell och nach keng Hëllefsufro aus Marokko kritt. Mee et géif een d’Situatioun genee verfollegen. Och den europäesche Satellittesystem Copernicus gouf aktivéiert. D’EU wier prett dem Marokko an dëser schwéierer Zäit ze hëllefen, esou den EU-Kommissär fir humanitär Hëllef.

Rettungsaktiounen

An elo sinn d’Rettungsaktioune voll amgaangen. Spuenesch a brittesch Rettungsekippen hu mat hirer Aarbecht ugefaangen. Si ënnerstëtzen déi lokal Ekippen. Et ass natierlech eng Course géint Zäit fir Iwwerliewend Leit ze fannen. Vill Leit hunn och elo déi 3 lescht Nuechten dobausse verbruecht, well se entweder keen Doheem méi hunn oder well se Angscht hunn dass et e weidert Biewe gëtt.

Et wëlle méi Länner hëllefen, mee bis ewell goufen et just e puer Autorisatiounen. Déi marokkanesch Regierung huet just Spuenien, Groussbritannien, dem Katar an de Vereenten Arabeschen Emirater erlaabt ze hëllefen.

Temoignage aus dem Marokko

Eist Yasmine aus dem Eldo-Team war och am Marokko. Hatt huet eis dann och iwwert seng Erfarung gezielt. D’Situatioun war definitiv stresseg fir d’Yasmine. A senger Géigend ware Gott sei dank keng gréisser Schied an et goufen och net vill Leit verwonnt.

Wou kann ee spenden?

Eng Partie Associatioune ruffen dann zu Spenden op. Zum Beispill d’Lëtzebuerger Rout Kräiz, Caritas Lëtzebuerg, Médecins Sans Frontières Lëtzebuerg, a CARE Lëtzebuerg.