
© Unsplash
A wéi enger Liewensphas si mir am glécklechsten? D'Äntwert op dës Fro kéint iech vläicht iwwerraschen.
Jiddereen huet d’Bedierfnis a sengem Liewe glécklech ze sinn. Leider kann de Mënsch awer net säi Ganzt Liewe laang ëmmer nëmme glécklech sinn. Dofir sollen et awer ënnerschiddlech Liewensphase ginn an deenen een en héicht Glécksgefill verspiert.
Sou huet sech ënnert anerem erausgestallt, datt besonnesch Mënschen am héijen Alter méi glécklech sinn wéi déi méi Jonk. Kléngt skurril, mee dëse Phänomen huet eppes mam sougenannten Zefriddenheetsparadox ze dinn. Dëse beseet, datt mir am jonken Alter virun allem op der Sich no Abenteuer an neien Erfarunge wieren, géifen eis méi trauen, méi léieren a méi Risiken agoen. Et wier deen Deel vum Liewen, deen dominéiert ass vun der Virfreed op eppes Neies.
Si mir awer bis aus der Schoulzäit eraus a sti scho bal mat zwee Been an der Aarbechtswelt, komme vill Schwieregkeeten dobäi, mat deenen een am Virfeld net onbedéngt ze kämpfen hat. Op der neier Dagesuerdnung stinn zum Beispill finanziell Belaaschtungen, Problemer am Beruff, d’Fro vun der Grënnung vun enger Famill a ganz vill aner Froen an Erausfuerderungen, deenen ee sech stelle muss. Dës Liewensphas wier net gepräägt vun der Virfreed, mee vun der Erliichterung an der Paus vum alldeegleche Stress.
Iergendwann huet een dann d’Pensioun erreecht an domat huet een déi meescht Problemer hannert sech. An och wa kierperlech oder gesondheetlech Péng dobäi kommen, brauch een am héijen Alter net méi sou vill, fir glécklech ze ginn. Et huet een en Zoustand vu Rou an Akzeptanz erreecht. Réischt an der Zäit kuerz virum Dout géif d’Glécksgefill rëm ofhuelen.
Natierlech droen awer och eis perséinlech Schicksalsschléi sou wéi och aner positiv oder negativ Erfarungen dozou bäi, wéini mir eis am glécklechste fillen.