
© SAM PANTHAKY / AFP
Den Numm Indien staamt nach aus der brittescher Kolonialzäit. Elo gëtt spekuléiert, ob d'Land tatsächlech soll ëmbenannt ginn.
Ufank September war de G-20 Gipfel zu Neu-Dehli a besonnesch d’Invitatioun huet fir vill Froe gesuergt. Nämlech huet d’Präsidentin Murmu d’Politiker:innen net ënnert der Bezeechnung Präsidentin vun Indien, mee ënnert Präsidentin vu Bharat agelueden.
Dat huet virun allem d’Oppositiounsparteie geschockt. Bei dëser Ännerung kéint et sech nämlech ëm e Verstouss vun der aktueller Regierungspartei, der hindu-nationalistescher Partei, BJP, handelen.
D’Regierung ënnert dem Premierminister Modi géif sech awer drop behaapten, datt Indien an der Verfassung och Bharat géif genannt ginn. Elo géif spekuléiert ginn, ob de Modi wärend enger Sondersëtzung vum Parlament den Landesnumm offiziell ëmännere wëll. Genau Detailer zu dëser Sëtzung, déi vum 18. bis den 22. September stattfanne soll, sinn awer net bekannt.
Den Numm Bharat ass eng eeler Bezeechnung vun Indien, déi aus dem ale Sanskrit kënnt. Bharat géif nämlech op Hindi och als Indien iwwersat ginn. Den Numm soll vun engem Kinnek ofstamen, dee bei den Hinduen als Papp vum indesche Vollek ziele géif. De Problem ass awer, datt net all indeschen Awunner den hinduistesche Glawen huet. 14 Prozent vun der Bevëlkerung wieren nämlech Mosleme.
Sou kéint een d’Ëmännerung vum Numm als e weidere Schratt am Modi senger Ausgrenzungspolitik vun de Minoritéite bezeechnen. Ënnert anerem wier Indien och een Numm, deen nach aus der brittescher Kolonialzäit staamt. Andeems een den Numm net méi sollt benotzen, géif ee sech vun der westlecher Kultur distanzéieren.
D’Oppositiounsparteie géife sech entsat iwwert d’Ännerung vum Numm weisen. Dëse Virschlag wier en Ugrëff op d’Verfassung. Ënnert anerem schreift e Member vun der Kongresspartei, hie géif hoffen, d’Regierung wier net sou «töricht», d’Wuert Indien komplett ze sträichen. Béid Bezeechnungen sollte weiderhin benotzt ginn.
Ob d’Spekulatioune stëmmen, wäerte mir wuel réischt Enn September gewuer ginn.