Den Handy gehéiert zu eiser Gesellschaft wéi de Sand un d'Mier. Domat kommen awer sozial Problemer dobäi, wéi zum Beispill de Phänomen vum Phubbing.

Dir sidd mat ärem Frëndeskrees ënnerwee, wëllt eigentlech nëmmen déi schéin Zäit zesumme genéissen. Da schellt awer hei een Handy, deen ee kann d’Aen net vum Bildschierm loossen an dat anert ass am Gaangen d’Welt vun de soziale Medien ze entdecken.

An deem Fall sidd dir Affer vum sougenannte Phubbing. Kuerz: Dir gitt vun äre Géigeniwwer  ignoréiert, well déi hirem Handy méi Interessi schenken. D’Wuert selwer besteet aus den englesche Wierder Phone, fir Handy a Snubbing. Also, eng aner Persoun ouni Respekt behandelen. Beim Phubbing, checkt dir ären Handy wärend enger Ënnerhalung oder dir huelt en eraus, wann d’Gespréich eng Kéier un d’Stacke kënnt. Dës Weideren hutt dir den Handy ëmmer bei Hand, fir och sécher näischt vun deem ze verpassen, wat an der Welt geschitt.

Mat deem Behuele kann een awer zimmlech onhéiflech eriwwer kommen oder souguer beleidegend wierken. Wann eng Persoun nämlech léiwer um Handy hänkt wéi hirem Géigeniwwer nozelauschteren, kéint dat bedeiten, datt dat, wat een ze zielen huet, weder wichteg nach relevant wier.

Natierlech hänkt et awer och vun der Situatioun of. Ass een zum Beispill ënnert gudde Kolleeg:innen kann et manner schlëmm si wéi bei engem Date oder beim Familljeniessen. An och an der Bezéiung kann et stéieren. Ass de Partner oder d’Partnerin nëmmen um Handy kann ee sech d’Fro stellen, ob een iwwerhaapt nach un deem aneren interesséiert ass. Dat kéint am schlëmmste Fall och mol zu Depressiounen oder Vertrauensproblemer féieren.

Leider ass et awer mëttlerweil esou, datt sech Phubbing an eiser Gesellschaft scho richteg etabléiert huet, well de Groussdeel vun de Leit et souwisou scho mécht. An och wann et am léifste vermeide wëll, verfale mir selwer vläischt an de Pubbing-Modus. Einfach well eis soss näischt aneres iwwreg bleift.

Lauschtert hei de Reportage!