De B.I mécht scho Musek säitdeem en nach an de Kannerschong war. Mir kucken eng Kéier op dem jonke Museker seng Karriär zréck.

Lauschtert hei de Reportage!

Säitdeem de koreanesche Kënschtler B.I 11 Joer huet, gehéiert d’Musek zu sengem Liewen. Sou gouf e mat nëmmen 22 Joer bei de Melon Music Awards als Songwriter of the Year ausgezeechent. Deemools war en nach de Leadsinger vun der hip-hop-orientéierter Band Ikon. Opgrond vu Gerüchter, datt hie sech wollt Droge kafen, huet hien awer missen 2019 aus der Grupp austrieden. Säi Ruff war zwar du geschiedegt, mee dat huet hien awer net vu senger Karriär ofgehal. Mëttlerweil ass en also Solo-Kënschtler ënnerwee an huet och e Vertrag ënnert sengem eegene Label, dem 131 Label.

De B.I ass och e ganz villsäitege Kënschtler. Nieft senger Roll als Sänger ass hien och nach Dänzer, Produzent an och Songwriter. Mat senger Kreativitéit a sengen éierlechen Texter huet sech de B.I eng richteg Fanbase konnten opbauen. De Video vum Titeltrack vu sengem éischten Album Waterfall aus dem Joer 2021 huet ënner anerem ee Rekord gebrach: Et war de meescht gekuckte Debutmusekvideo vun engem männleche Solokënschtler a Südkoreabannent 24 Stonnen.

Duerno koum säin Album Cosmos eraus. Mat de 6 Lidder, déi hei drop sinn, beschreift hie säi méi stengege Wee an der Museksbranche a Richtung artistesch Onofhängegkeet.

A sengem zweeten Album To die For, op deem vun de 15 Lidder, och déi 6 aus Cosmos drop sinn, probéiert hien ënnerschiddlech musikalesch Varianten a Genren aus, woumat hie säin Talent als Songwriter ënnersträicht. All Lidd huet e ganz eenzegaartege Message.Sou beschreift hien a sengem Lidd Cosmos d’Gefill vun der éiweger Léift.

Dem Sänger säi Kënschtlernumm, B.I, kann een iwwregens iwwersetze mat Ech sinn. Sou spigelt hie Selbstvertrauen an och eege Sécherheet erëm.