E Mëttwoch huet d’ACEL hir Pressekonferenz fir d'Rentrée organiséiert. Mir haten de Charel Donven,Vize-President vum Studentevertrieder am Eldo-Interview.

Am Kader vun de Chamberwalen huet d’ACEL e Froebou ausgeschafft, deen un d’Parteie geschéckt gouf. Dat well dacks d’Studenten an den Diskussioune ronderëm d’Wale manner present wieren. An als ACEL gesäit een sech da verantwortlech fir d’Studenten z’informéieren. 9 Parteien hunn dann och geäntwert (LSAP, DP, déi gréng, CSV, déi lénk, ADR, Piraten, Fokus a Volt).

An 11 Themeberäicher goufen 42 Froen gestallt.

Walen

Dat soll de Studenten dann hëllefe bei hirem Choix den 8. Oktober. D’Froen an d’Äntwerte fënnt een och um Site vun der ACEL. Am Kader vun de Walen hat d’ACEL jo och am Mee den Objectif2028 virgestallt.

Op der Pressekonferenz goufen dann och déi nei Studenteguide virgestallt, déi een och op der Studentefoire de 26. a 27. Oktober fënnt. Da gouf et och en Ausbléck op den Tournoi de Noël deen de 27. an 28. Dezember stattfanne wäert. Mee méi zäitno gëtt et och nach d’REEL, déi den 21. bis 24. September zu Innsbruck stattfënnt. Den 23. September ass d’Journée politique, do ass och d’Thema wéi verschidden Unien zesummeschaffen.

Och zu verschiddene politeschen Theme gouf sech geäussert, esou wéi d’Stagegesetz

Stagegesetz

Da gouf och de Bilan gekuckt, wat da bis elo dëst Joer gemaach gouf.

Events

Da goufen och Probleemer thematiséiert, déi d’Studente concernéieren. Ënner anerem dass d’Zënse geklomme sinn. Studenten, oder Leit, déi ugefaangen hu mat schaffe sinn dovu betraff. D’ACEL mécht den Appell dass de Prêt op 2 Prozent gedeckelt ass. E weidere Probleem ass dann och den Index. Den Index gëtt eréischt e puer Méint méi spéit un d’Bourse ugepasst.