De Philippe Ernzer vu Meteo Boulaide huet an der Morningshow Detailer zu der Wiederlag en Donneschden am Nomëtte zu Nusbaum (D) ginn.

An der Eifel bei Bitburg-Prüm ass et um Donneschden am Nomëtten zu engem schwéieren Onwierder komm. Hei ass et zu grousse Schied komm. Deelweis ass de Buedem gerutscht, vill Kellere stoungen ënner Waasser a vill Beem sinn ëmgefall. Am Duerf Nusbaum ass et zu engem Tornado komm.  15 Diecher vun Haiser goufen ofgedeckt. Weider heescht et, dass en zwou Persoune blesséiert goufen.

De Philippe Ernzer huet eis am Interview d'Wiederlag beschriwwen:

Op d'Fro, ob een en Tornado viraussoe kann soot den Meteorologist:

Fir de Philippe ass et kloer an dat huet hien der Morningshow confirméiert. Et war en Tornado: