
© Pixabay
All Mënsch ass wuel frou, wann en net schnaarcht. Sollt dir awer betraff sinn, da ginn et hei e puer Tipps, déi hëllefe kënnen.
Schnaarchen ass fir vill Leit onangeneem, mee awer wichteg. Et kann nämlech eng negativ Auswierkung opeis Liewensqualitéit a virun allem eise Schlof hunn. Schléift een zum Beispill nieft enger Persoun, déi haart schnaarcht, kann dat eise Schlofrhythmus an eis Schlofhygiène beaflossen. Donieft kann d’Persoun, déi schnaarcht och mol éischter mat gesondheetleche Problemer ze kämpfen hunn. Fir äert Schnaarchen ze reduzéieren, ginn et awer e puer Tipps, déi beim Problem hëllefe kënnen.
Leider dréit Iwwergewiicht dacks zum Schnaarche bäi. Hei kënnen awer schonn e puer Kilo manner géint d’Schnaarchen hëllefen. Donieft sinn eng gesond Ernierung, sou wéi och vill Zäit an der frëscher Loft wichteg, fir e gesonde Schlof ze garantéieren.
Am grousse Ganzen dréit e gesonde Liewensstil zu engem gudde Schlof bäi. Deementspriechend sollt een och am beschten op Nikotin verzichten. Duerch den Nikotin gëtt d’Schläimhaut an der Schléck gereizt, wouduerch dës kann uschwëllen a sou d’Ootmen méi schwéier mécht. Donieft sollt een och bis zu 3 Stonne virum Schlofegoe keen Alkohol méi drénken. Doduerch ginn d’Muskelen an der Schléck nämlech lappeg, wouduerch Vibratiounen am Hals entstinn a schonn ass d’Schnaarchgeräisch do.
Et ass och wichteg virum Schlofegoen, net ze vill an och net ze spéit z’iessen. Mat vollem Mo kann een nämlech virun allem net sou gutt schlofen an och doduerch ass de Risk, ze schnaarche méi héich.
E weideren Tipp géint d’Schnaarchen ass déi richteg Schlofpositioun. Sollt dir iech ugewinnt hunn, um Réck ze schlofen, da gëllt et elo ëmzedenken. Wann een um Réck läit, ass de Risk ze schnaarchen nämlech méi héich, well d’Zong sou no hanne fält an d’Otemweeër éischter zougoe kënnen. An deem Fall ass et am beschten, op der Säit ze schlofen.