Trotz Problemer mat sengem fréiere Plackelabel, kann d’Raye elo als eegestänneg Kënschtlerin iwwerzeegen.

Lauschtert hei de Reportage!

Mat nëmme 17 Joer huet d’Raye seng 1. EP Welcome to the Winter op de Marché bruecht. Hei kombinéiert hatt R&B-Beats mat relaxem Pop-Sound. Kuerz duerno huet d’Sängerin säin 1. Plackevertrag bei Polydor Records ënnerschriwwen.

Besonnesch mat senger Single You Don’t Know Me zesumme mam Jax Jones huet d’Sängerin en internationalen Hit gelant. Vill weider S  ingele sinn no komm, e richtegen Debutalbum ass awer ënnert dem Plackelabel ni released ginn. De Label hätt hatt wuel dovun ofgehalen, e richtegen Debutalbum rauszebréngen. 2021 war dunn awer Schluss an de Vertrag ass opgeléist ginn.

Wéi nei gebuer a mat frëschen Elan huet d’Raye de Song Escapism erausbruecht. Dësen ass och direkt en Hit ginn, nodeems en op de soziale Medie viral gaangen ass. Hei probéiert hatt sech dann och an engem méi neie Musekgenre aus a kombinéiert R&B mat Hip-Hop an Elektropop. Am Januar 2023 konnt d’Raye endlech als eegestänneg Sängerin säin Debut-Album My 21st Century Blues erausbréngen, an deem hatt seng villsäiteg Stëmm ënner Beweis stellt an och ënnerschiddlech Sounds ausprobéiert. Mam am Oktober vun dësem Joer verëffentlechten Album My 21. Century Symphony (live at Royal Albert Hall), geet d’Sängerin nach e Schratt méi wäit an  hëlt sech en Orchester zur Säit.

Mat Mother Nature huet hatt zesumme mam Hans Zimmer en absolutt musikalescht Meeschterwierk erausbruecht.Net fir näischt ass déi réischt 26 Joer al Sängerin scho 4 Mol fi e BRIT Award nominéiert. Nieft diverse Platin-, Gold- a Sëlwerauszeechnungen zielt d’Raye mat iwwer 3 Milliarde Streams och zu deene meescht gestreamte Kënschtlerinne weltwäit.

Raye @ Rockhal Club

Datum: Méindes, den 20. November 2023
Venue: Rockhal Club
TicketenSéchert iech hei är Ticketen oder huelt iech der nach an der Oweskeess.