
© Yuri KADOBNOV / AFP
Mat Käschte kann et engem tatsächlech gelénge Spanne vun doheem eraus ze halen.
Käschten hunn eng änlech Wierkung op Spanne wéi Lavendel a fir d'Spannen aus der ganzer Wunneng oder dem Haus eraus ze halen, muss een d'Käschten awer och iwwerall verdeelen. Am beschte verdeelt een e puer Käschten op de Fënsterbänken, um Buedem an ënner oder op Miwwelstécker. Änlech wéi aner Mëttel hu Käschten ee ganz bestëmmte Geroch, dee Spannen net gär hunn. An dat suergt dofir, dass d'Déieren net an d'Wunneng komm. Mee éiweg wierken déi selwecht Käschten awer net, déi muss een nämlech reegelméisseg all Mount austauschen. Frësch Käschte kann ee ganz einfach an am beschten am Hierscht sammelen. Dat ass schonn ee grousse Virdeel vun de Käschten, mee ee weidere Virdeel vun de Käschten ass, dass dës fir de Mënsch gerochsneutral sinn. Ee weidere Profitipp ass et, dass een d'Käschte mat engem Hummer soll zerquëtschen. Domat gëtt de Geroch vun de Käschten och nach besser fräigesat.