Ouni d'Frënn wier d'Liewe sécher manner schéin. An all Frëndeskrees fënnt een awer ëmmer déi selwecht Charakteren erëm.

Mir Mënsche sinn zwar alleguerte verschidden an trotzdeem fënnt een am Frëndeskrees wuel awer ëmmer rëm déi selwecht Typpen erëm:

De Witzbold

Ugefaange mat engem vun de léifste Charakteren, deen och sécherlech all Zesummentreffe méi lëschteg mécht, nämlech de Witzbold. Dës Persoun huet zwar dacks nëmme schlecht Witzer am Petto an awer bréngt se jiddereen op d’Mannst zum Schmunzelen.

D’Timing-Genië

Da ginn et awer och ëmmer déi zwou Persounen, deenen hiren Zäitmanagement net méi ënnerschiddlech kéint sinn. Déi eng ass ëmmer schonn eng hallef Stonn virum Rendezvous do an déi aner schreift zwar, datt se schonn ënnerwee wier an awer weess se dee Moment nach net, wat se iwwerhaapt soll undoen. Kuerz, si ass iwwerall ze spéit. 

D’Mamm/ Organisatiounstalent

Wann et dann drëms geet, de ganze Frëndeskrees zesummenzetrommelen, dann ass definitiv Organisatiounstalent gefrot. Dofir ass och meeschtens eng Persoun zoustänneg, déi sech ëm d’Grupp këmmert, nämlech d’Mamm. Dat ass dann och dacks gläichzäiteg déi, déi oppasst, datt op enger Party kee verluer geet a kuckt, datt jidderee sécher Heem kënnt.

Einfach Lost

An och wann d’Mamm esou gutt wéi méiglech probéiert, gëtt et awer ëmmer déi Persoun mat där een zwar op d’Party geet, déi awer iergendwann verschwënnt a réischt zum Schluss rëm opdaucht.

De Kummerkasten

Frënn sinn awer net nëmme fir ze feieren do, mee och fir sech géigesäiteg ze tréischten. Dofir gëtt et de Kummerkasten: Déi Persoun, déi e gutt Ouer huet an all de Problemer vun de Frënn nolauschtert. 

De spontanen Adrenalin-Junkie

Natierlech dierfe mir awer och net déi Persoun vergiessen, déi bei all Dommheet an all Spaass mat dobäi ass. Op Froe wéi: ‘Gi mer spontan an d’Vakanz?’ gëtt et sécher keng negativ Äntwert.

D’Fun Facts op zwee Been

Zum Schluss gëtt et nach déi, bei där een ëmmer eppes bäiléiert, egal ob et een interesséiert oder net. Onnéidegt Wëssen a Form vu Fun Facts stinn hei op der Dagesuerdnung.

Lauschtert hei de Reportage!

Sidd dir och dobäi?